
D'kleng Ost-Gemeng Lenneng kënnt politesch net zur Rou: nodeem déi 2 Schäffe Josiane Bellot a Marc Thill am Juni zeréckgetruede waren, féiert lo kee Wee méi laanscht Komplementarwalen.
Dës Wale sinn um 1. Adventssonndeg, den 28. November. Gewielt ginn 3 nei Poste fir de Gemengerot, deen 9 Membere soll zielen. 7 Kandidaten hu sech gemellt. Eng 1.000 Bierger si walberechtegt.
An engem Wort-Artikel am August gouf d'jonk demissionär Schäffe Josiane Bellot zitéiert, datt si Differenze mam Buergermeeschter Arnold Rippinger hätt an duerfir net méi hätt kéinte mat him zesummeschaffen.
Am selwechten Artikel seet de Buergermeeschter, datt hie keen Drock op d'béid jonk Schäffe gemaach hätt, fir hir Posten opzeginn. Hien hätt awer och knapps Entlaaschtung duerch si krut. Entretemps gouf d'Madamm Bellot duerch de Claude Leuck um Schäffeposten ersat.
Wéi gesot ass deen zweete Schäffeposten och nei ze besetzen, well och den Nach-Schäffen Marc Thill annoncéiert huet, net méi wëllen an dëser Charge weider ze maachen. Ob hie par contre als Conseiller wäert am Lennenger Gemengerot bleiwen, ass nach onkloer.
Enn Juli war mam Robert Back e weidere Lennenger Conseiller zeréckgetrueden, ewell 2019 war de Joël Wagener demissionär.
Am Lennenger Conseil sinn nieft dem Schäfferot aktuell nëmmen nach den Daniel Gillen, den Daniel Hoffmann an de Raymond Detail - Komplementarwale sinn net méi z'ëmgoen.