Zwee Déif gepëtztZwee Mol am selwechte Buttek geklaut, sech mam Sécherheetsmann gestridden a sech der Police widdersat

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hunn zwee Männer zwee Mol an deem selwechte Buttek Alkohol geklaut. Wéi si gestallt goufen, hu sech extreem aggressiv beholl.
© Laurent Weber

Géint 16 Auer e Samschdeg war der Police en Déifstall an engem Buttek op der Place de la Gare an der Stad gemellt ginn. Wéi de Sécherheetsmann op der Plaz erkläert huet, hätte scho géint 14 Auer zwee Männer eng Fläsch Alkohol geklaut. Géint 16 Auer wieren déi zwee dunn zréckkomm an hunn eng Wallis an e Rucksak mat Alkoholfläschen an anere Produite gefëllt.

Wéi de Sécherheetsmann probéiert huet, déi zwee do ze halen, bis dass d'Police do wier, koum et zu enger Ausernanersetzung. Doropshi konnten d'Déif a Richtung Gare flüchten.

Méi spéit konnte si awer identifizéiert a festgeholl ginn. Och hei hu si sech hefteg widdersat a sech wärend dem Transport an och dono immens aggressiv verhalen. De Parquet huet ugeuerdent d'Männer ze verhaften.

Back to Top
CIM LOGO