Zënter e SonndegDen 68 Joer alen André Marcel Joseph Marie Mauge gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf de Mann e Sonndeg géint 18.30 Auer déi leschte Kéier am Raum Dikrech gesinn, zënterhier gëtt hie vermësst.

De Mann ass schlank, ongeféier 1,65 Meter grouss, huet gro/schwaarz Hoer (Hallef-Glatz) an huet e Brëll un. Wéi weider gemellt gëtt, soll de Mann franséisch schwätzen.
Um Dag vu sengem Verschwannen hat de Vermëssten eng schwaarz Jackett, en olivgréng-gesträifte Pullover, Jeans a schwaarz Schong un.

Déi vermësste Persoun ass op medezinesch Hëllef ugewisen.

All Informatiounen zu der vermësster Persoun an zu sengem Openthalts-Uert ass fir d’Police vun Dikrech/Veianen um Telefon (+352) 244 80 1000 oder iwwer Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO