RIPDen Ady Jung ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den Éierendeputéierten an Éierestaatsrot Ady Jung ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen.
© RTL Grafik

1989 war den Escher fir d’CSV an d’Chamber komm. Am Mee 2003 war hien an de Staatsrot gewiesselt an hat säi Mandat bis Dezember 2010 ausgefouert, dat heescht bis d’Alterslimitt erreecht war. Den Ady Jung war awer och eng Zäit am Gemengerot zu Esch an tëscht 1995 bis 1996 President vum Benelux-Parlament.

Back to Top
CIM LOGO