Prozess géint Maître André Lutgen geet weiderDen Affekot fillt sech mëssverstanen

Diana Hoffmann
De Prozess géint de Maître André Lutgen goung den Dënschdeg de Moien an eng zweet Ronn.
Den Affekot fillt sech mëssverstanen
De Prozess géint de Maître André Lutgen goung den Dënschdeg de Moien an eng zweet Ronn.

Dem Affekot gëtt virgehäit, en Untersuchungsriichter ënner Drock gesat ze hunn, an och Outrage, also Beleidegung steet op der Lëscht vun den Uschëllegungen. Wat d'Faite sinn, doriwwer war d'Ëffentlechkeet scho wärend 2 Prozessdeeg am Juli ënnerriicht ginn. Abrupt war d'Verhandlung awer ofgebrach ginn, well den Untersuchungsriichter dem Riichter Stéphane Maas Befaangenheet virgehäit hat. Den Untersuchungsriichter hat sech op eemol als Ugeklote gefillt an net méi just als Zeien. Nei Elementer goufen et awer keng.

An neier Besetzung mam Marc Thill als Riichter krut déi ganz Affär dann e bëssi eng aner Nues. Dëse goung, fir de Kontext ze setzen, kuerz op dem Untersuchungsriichter seng Aarbecht an an huet erkläert, datt d'Scelléë bei ArcelorMittal schonns 48 Stonnen nom déidlechen Accident 2019 opgehuewe gi waren. Sou konnt de Betrib do nees weiderlafen. "Méi séier ass nach ni an engem Dossier geschafft ginn", mengt de Riichter a versteet dofir net ganz déi Opreegung, déi beim Maître André Lutgen als Affekot vun ArcelorMittal ausgeléist gouf, well hien net op d'Sekonn eng Äntwert op Mailen an Uriff krut, wou d'Affär dru wier.

Den Ugekloten huet dann nach eng Kéier erkläert, datt all Stonn, wou d'Maschinnen an der Fabrick net kënne lafen, Dausende vun Euroe Perte gemaach ginn. Doriwwer eraus wier mëttes e Mataarbechter vun him op der Plaz gewiescht, dee matkritt hat, datt d'Scelléen eigentlech kéinten opgehuewe ginn. Datt den Untersuchungsriichter him net op seng Nofro geäntwert huet, wier aus puerer Verbruetheet gewiescht, sou d'Meenung vum Lutgen.

Ze klären bleift awer nach, ob seng Intentioun bei engem Mail, deen hien un 2 Ministeren an d'Procureur générale d'Etat geschéckt huet, war, fir Drock op den Untersuchungsriichter auszeüben. An dësem huet hien nämlech och geschriwwen, datt e schonns divers Incidente mam Untersuchungsriichter hat. Fir den Affekot vun der Partie civile ass déi Saach kloer. Et wier d'Intentioun dohannert gewiescht, datt d'Scelléë géingen opgehuewe ginn. De Riichter fënnt dann och, dass den André Lutgen sech hätt misse gedëllegen, wann ee kuckt, wéi séier an deem Fall geschafft ginn ass.

"Dir gesitt eenzeg an eleng de Comportement vum Untersuchungsriichter a versetzt Iech net usazweis a meng Situatioun. Dir prejugéiert", betount den André Lutgen. De Riichter huet dës Uschëllegung awer net gëlle gelooss an ugefouert, et géing hei ëm Respekt goen an och d'Geriicht misst respektéiert ginn. Wéi den Affekot da wollt op d'Incidenten zréckkommen, déi hie schonns mam Untersuchungsriichter hat, fir Kloerheet an d'Affär ze bréngen, huet de Riichter gemengt, hie géing net verstoen, wourop den Ugekloten domat eraus wéilt. En huet den Affekot awer trotzdeem gewäerde gelooss, nodeems dëse sech gewiert hat, hie wéilt sech schliisslech och verdeedegen.

Wéi den Affekot vum Ugekloten André Lutgen, de François Prum dann d'Wuert hat, sot dësen, de Prozess géing grad anescht oflafen, wéi ee sech dat erwaart hat. Dowéinst bräicht ee méi Zäit a géing sech gären d'Recht virbehalen, och nach aner Zeien ze lueden.

De Prozess geet dann e Mëttwoch de Mëtteg virun.

Back to Top
CIM LOGO