Natur- a Bëschverwaltung"Den allgemengen Zoustand vun eise Bëscher ass net gutt"

Claudia Kollwelter
Déi Konklusioun geet aus den Analyse vun 2021 vun der Natur- a Bëschverwaltung ervir. Analysen, déi alljoers gemaach ginn an e Méindeg presentéiert goufen.

Den Zoustand vun de Bëscher - Rep. Claudia Kollwelter

1200 Beem goufen dofir méi genee ënnert d’Lupp geholl, fir eraus ze fannen, wéi et ëm d’Gesondheet vun eise Bëscher steet.

Extrait Philippe Schmitz

All d’Bamaarten zesummegekuckt, geet et de Beem net gutt, mee eenzel Zorte konnte sech duerch méi naass Periode lescht Joer e bëssen erhuelen. Dofir hoffe mer, datt et dëst Joer besser ausgesäit.”, esou de Philippe Schmitz vun der Natur- a Bëschverwaltung.

Fir der Situatioun entgéintzewierken, misst een zum Beispill méi op Diversitéit an de Bëscher suergen, also verschidden Zorten uplanzen, amplaz vu Monokulturen. Dat sollen am beschten och einheimesch Kulture sinn, huet de Philippe Schmitz ënnerstrach. Donieft huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bei der Presentatioun de Méindeg de Mëtteg betount, datt och weider ënnerschiddlech Aiden an deem Kontext fir Bëschbesëtzer virgesi sinn.

Virun allem d’Buch huet an de leschte Joren gelidden. 3/4 vun de Buchen am Land si beschiedegt an entweder schon ofgestuerwen oder kuerz virdrun. De Philippe Schmitz vun der Natur- a Bëschverwaltung: “Där geet et wierklech guer net gutt an der Dréchent. Dobäi kommen d’Eechen déi och drënner leiden, mee besser domat eens ginn well se aner Wuerzelen hunn an d’Waasserreserven domat kënnen unzapen.”

Zousätzlechen Stress fir d’Bëscher misst evitéiert ginn huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ënnerstrach. Well den Zoustand nach ëmmer net optimal ass goufen d’Aiden fir Bëschbesëtzer adaptéiert: “Mir haten 2019 se schon emol ugepasst wéinst der Problematik vum Borkenkäffer, dat halen mer och bäi well déi Problematik nach ëmmer aktuell ass.”

Eng Partie nei Aiden sinn awer och bäikomm, där hirt Zil et ënnert anerem ass eng méi grouss Diversitéit vu Bamaarten ze hunn. D’Carole Sinner vun der Natur- a Bëschverwaltung: “D’kritt een Hëllefen fir e Melange vun verschiddene Bamaarten, se mussen Standuert-gerecht sinn, et muss een op d’mannst 3 Zorten an ee Peuplement sëtzen fir datt mer kënne garantéieren datt d’Bëscher méi resilient ginn.”

Et wéisst een haut och vill méi genee wéi ee Buedem an wéi eng Bam Zorten beienee géife passen. All dëst Wëssen kéint een haut notzen fir vill méi geziilt eng gutt an naturno Gestioun vun de Bëscher ze maachen huet d’Ëmweltministesch nach betount.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO