Jean AsselbornDen Ausseminister fir 2 Deeg op Aarbechtsvisitt an Italien

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg an Dënschdeg ass de Jean Asselborn op Invitatioun vu sengem Homolog Luigi di Maio fir bilateral Gespréicher zu Roum.
© AFP-Archiv

Nieft dem italieneschen Ausseminister, huet hien och nach Gespréicher mat der Immigratiounsministesch Luciana Lamorgese, grad ewéi mam Minister fir Europäesch Affären, dem Vincenzo Amendola.

Et soll de Point gemaach ginn iwwert déi bilaterale Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an Italien, grad ewéi en Echange iwwert déi europäesch an international Aktualitéit.

Back to Top
CIM LOGO