Bezierk NordenDen Deputé-Maire Ali Kaes iwwerléisst der CSV seng politesch Zukunft

Roy Grotz
Den Nord-Deputéierten a Buergermeeschter vun Tandel huet RTL géintiwwer confirméiert, datt hien, wéi 2017 annoncéiert, net méi bei de Gemengewalen untrëtt.
© Ketty a Rom Hankes

Den Norddeputéierten huet eis géintiwwer och confirméiert, datt hie “bewosst” keng Kandidatur fir d’Chamberwale beim Bezierkscomité eragereecht huet. Dëse Kommitee designéiert 7 Kandidate fir d’CSV-Nord-Lëscht. Déi 2 aner Leit ginn duerch de Comité des Sages bestëmmt.

Den Ali Kaes betount “bewosst”, well hien d’Partei wëll decidéiere loossen, ob hien nach emol soll mat an d’Wale geholl ginn oder net. Vu senger Säit aus, wier et aktuell kee Jo oder Nee. Hie géif allemol am Interessi vun der CSV wëllen handelen.

Eisen Informatiounen no si ronn 20 Kandidature beim CSV-Nordcomité erakomm, dorënner all déi aktuell Deputéiert, ausser eeben den Ali Kaes.

De Politiker mécht seng Mandater awer souwuel an der Märei zu Tandel wéi och um Krautmaart fäerdeg.

Den CSV-Politiker a Gewerkschaftler war 2004 eng éischter Kéier an d’Chamber gewielt a bei de Walen duerno ëmmer nees zréckgewielt ginn.

2018 war hien am Norden 4. op der CSV-Lëscht ginn.

De Jean-Paul Schaaf war ewell fir de Marco Schank nogeréckelt. Wann den Ali Kaes opgehalen hätt, wier Plaz an der Chamber fir de Jeff Boonen gewiescht.

Den Ali Kaes kritt am Abrëll 68 Joer.

Back to Top
CIM LOGO