Invité vun der Redaktioun (19. Abrëll): Fernand Etgen"Den direkte Kontakt mam Bierger ass mir wichteg"

Sascha Georges
Eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien war de Chamberpresident Fernand Etgen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Fernand Etgen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Resumé Invité Fernand Etgen / Reportage Maxime Gillen

Den direkte Kontakt mat de Bierger ass him wichteg. Hir Suergen eescht huelen. Nëmmen da kann een eppes géint Politikverdrossenheet bei de Leit maachen, sou de Chamberpresident Fernand Etgen am RTL-Interview.

Et géif villes fir d'Biergerbedeelegung gemaach ginn: Petitiounen zum Beispill. An de Referendum iwwert d'Verfassungsreform, an där jo och d'“initiative populaire“ dra festgehalen ass:

Wann 12.500 Ënnerschrëften sou eng Initiative ënnerstëtzen, muss d'Chamber driwwer ofstëmmen. De Wieler kritt also dat nämmlecht Initiativrecht, wéi d'Deputéiert an d'Regierung, sou de Chamberpresident Etgen

De Jonke wëll een d'Politik och méi no bréngen. Zum Beispill mat dem Jugendkonvent dee reegelméisseg organiséiert gëtt. Bis op Weideres sollen d'Chamberkommissiounen awer net ëffentlech ginn.

An och soss si keng Changementer geplangt, fir d'Debatten am Parlament méi attraktiv ze maachen.

Eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moien war de Chamberpresident Fernand Etgen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO