CSV-Demande refuséiertDen État de la Nation ass och dëst Joer am Hierscht

RTL Lëtzebuerg
D'CSV hat gefrot, datt d'Ried zur Lag vun der Natioun nees sollt am éischte Semester sinn. Ma déi Demande wier refuséiert ginn.
© RTL Archivbild

Doriwwer beschwéiert sech d’CSV-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen op Twitter. Déi gréisst Oppositiounsfraktioun hat rezent drop verwisen, datt dës Ried vum Premier Xavier Bettel an de leschten 3 Joer an den Hierscht verluecht ginn ass an ëmmer just kuerz virum Budget war. Dat wier politesch awer net appropriéiert a géing och net bei de Geescht vun der Chamber passen.

Back to Top
CIM LOGO