"Dynameschen Ekosystem"Den EU-Kommissär Thierry Breton iwwert Lëtzebuerger Start-uppen

Monica Camposeo
Wéi soll Europa am Joer 2030 ausgesinn? Déi Fro hu sech e Méindeg jonk Entrepreneuren am Kader vun enger Konferenz fir d'Zukunft vun Europa gestallt.
EU-Kommissär Thierry Breton iwwert Lëtzebuerger Start-uppen
Wéi soll Europa am Joer 2030 ausgesinn? Déi Fro hu sech e Méindeg jonk Entrepreneuren am Kader vun enger Konferenz fir d'Zukunft vun Europa gestallt.

Mat dobäi, fir sech hir Visioun unzehéieren, waren och den EU-Kommissär Thierry Breton, de Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Premier Xavier Bettel.

Echange mat jonken Entrepreneuren / Rep. Monica Camposeo

Déi vill verschidden Nationalitéiten a Sproochen, déi gutt Verbindung duerch d'Lag am Zentrum vun Europa an och déi digital Innovatioune géingen eng ganz Partie nei Entreprisen a Start-uppen op Lëtzebuerg zéien. Ma wéi d'EU ënnerstëtze kann, war de Méindeg Thema an der Chambre de Commerce. Den EU-Kommissär Thierry Breton sot dozou:

"Am Echange, dee mir haut haten, war alles, wat mir maache kënnen, fir si z'ënnerstëtzen. Fir déi digital Transitioun, d'Moyenen an d'Ressourcen. Mä och d'Kapital, fir hinnen ze hëllefen a si an der Entwécklung vun hirer Entreprise ze begleeden."

Och wann et e Méindeg net dorëms gaangen ass, konkret Propositiounen ze adoptéieren, goufen awer eenzel innovativ Projete virgestallt, sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

"Bei deem enge geet et dorëmmer, fir Photovoltaik-Panneauen an der Wüüst kënnen ze produzéieren, fir dat och spéider um Mound kënnen ze maachen, mat Regolith. Dat heescht, dat ass en Dual-Use-Projet. An deen anere war am Beräich vun der Educatioun, wou eng nei Method presentéiert ginn ass, fir Mathematik z'enseignéieren de Kanner, déi Dyslexie oder Dyskalkulie hunn, oder soss Retarden hunn."

Et géing ee mierken, dass sech zu Lëtzebuerg vill deet. Souwuel de Wirtschaftsminister, wéi och den EU-Kommissär fir de Bannemaart hu vun engem "dynameschen Ekosystem" hei zu Lëtzebuerg geschwat. An dat wéilt ee fir d'Zukunft ënnerstëtzen, esou den Thierry Breton.

"Et gëtt och de Fait, datt si och eppes zeréck ginn un Europa, un eisen europäesche Projet. Dat si ganz wichteg Elementer."

Et wier dowéinst elo och wichteg ze kucken, wéi d'Ziler vu méi Nohaltegkeet an Digitalisatioun vun den Entreprisen ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO