A ClausenDen Europadag am Gebuertshaus vum Robert Schuman

RTL Lëtzebuerg
A Clausen steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. De 29. Juni 1886 gouf de spéidere franséische Politiker hei gebuer.
Matinée de l'Europe am Gebuertshaus vum Robert Schuman
A Clausen steet d’Gebuertshaus vum Robert Schuman. De 29. Juni 1886 gouf de spéidere franséische Politiker hei gebuer.

1985 huet de Lëtzebuerger Staat d’Haus opkaaft. Zanter dem 01.Juli 2016 gehéiert et zur Uni Lëtzebuerg. Hei ass de Centre d’études et de recherches européennes doheem.

E Méindeg hu sech a Clausen fir d’Matinée de l’Europe ënnert anerem de fréieren EU-Kommissiounspresident a lëtzebuergesche Premier Jacques Santer, d’Finanzministesch Yuriko Backes an den Direkter vun der Uni Lëtzebuerg Stéphane Pallage zesummefonnt.
Den 9. Mee 1950 huet de Robert Schuman folgend Deklaratioun gemaach:

“L’Europe ne se fera pas d’un coup, ni dans une construction d’ensemble: elle se fera par des réalisations concrètes créant d’abord des solidarités de fait.”

Dës Deklaratioun gëllt als Grondstee fir Europa. D’CECA war gebuer.

Zanter 2019 ass de 9. Mee - den Europadag - e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg. De Grand-Duché ass dat eenzegt Land an der Europäescher Unioun, dat dësen Dag als Feierdag deklaréiert huet.

Nieft dem Robert Schuman ass och de Jean Monnet ee vun de Päpp vun Europa. Den 9. Mee virun 72 Joer gouf de Grondstee vun dësem ambitiéise Projet geluecht.

Back to Top
CIM LOGO