No Accident mat 5 AutoenDen Helleggeeschttunnel an der Stad ass nees op

RTL Lëtzebuerg
No engem gréisseren Accident war den Helleggeeschttunnel en Donneschdeg de Moie fir den Trafic gespaart. Kuerz virun 13 Auer gouf et dunn Entwarnung.
© Domingos Oliveira / RTL

RTL-Informatiounen no war een Auto am Contre-sens an den Tunnel eragefuer a mat enger Rei anere Gefierer zesummegeknuppt. D’Police hat dat géint 9 Auer confirméiert.

De Chauffer war op der falscher Spuer mat mat zwee anere Gefierer kollidéiert, déi him entgéintkoumen, a gouf schwéier blesséiert. Eng weider Persoun misst an d’Spidol bruecht ginn. Zwou Ambulanzen an ee Samu-Won waren op der Plaz.

Duerch den Accident war am Tunnel nach een zweeten Accident geschitt, bei deem een Auto engem aneren hannendropgefuer ass.

D’Spueresécherung vun der Police ass op d’Plaz gefuer. Dräi Autoe goufen op Uerder vum Parquet saiséiert.

Den Tunnel war en Donneschdeg de Moie fir den Trafic gespaart. Kuerz virun 13 Auer huet den ACL matgedeelt, dass alleguer d’Fuerbunne geraumt an den Tunnel nees fir den Trafic op wier.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.

Back to Top
CIM LOGO