Tëscht Juli d’lescht Joer an dëst Joer goufe 428 ëffentlech Petitiounen deposéiert. Déi 2 Jore virdru waren et der ëm déi 300.
Vun de 428 Petitiounen d’lescht Joer goufen der 231 als recevabel erkläert. 10 Mol hu Petitiounen, déi de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht hunn, zu engem Debat an der Chamber gefouert. D’Joer virdru gouf et just 7 Debaten.
D’Chamber léisst iwweregens am Moment juristesch iwwerpréiwen, ob een net d’Matricule vun de Leit soll verlaangen, fir kënnen eng Petitioun ze ënnerschreiwen. D’Nancy Arendt – CSV - huet sech dogéint ausgeschwat, well si nämlech frou ass, datt de Succès vun de Petitiounen zouhëlt. An hiren Ae géingen d’Petitiounen och “bal ni” zu näischt féieren. Och wann d’Demanden heiansdo net 1 zu 1 a Realitéit ëmgesat ginn oder zu kenge konkrete Mesurë féieren, sou géingen d’Iwwerleeunge vun de Petitiounen d’Politik dacks beaflossen.
Wat d‘Theeme vun de Petitiounen ugeet: am meeschte goung et ëm Santé. Hannendru koum Mobilitéit an Aarbecht a Famill. D’Nancy Arendt huet awer erkläert, datt et dacks ëm d’Finanze geet vun de Leit. Mee dat géing jee no Sujet ënner verschidde Kategorië falen.
E weidere Constat war, wa Ministèren eng Positioun gefrot ginn no enger Petitioun, géingen et déi eng ginn, déi äntweren, an déi aner, déi dat net maachen. Beispill: op 5 Demanden huet den Ausseministère bannent 12 Méint keng Äntwert ginn. Den Ëmweltministère huet op just eng vu 7 Demandë geäntwert. Beschte Schüler ass de Mobilitéitsministère mat 5 Äntwerten op 6.