Dowéinst huet de Kooperatiounsministère den ONGe méi Flexibilitéit bei hire Budgete gelooss, fir esou hir weltwäit Projete besser kënnen ëmzesetzen. Dat an de Beräicher vun der Santé, der Educatioun an der Liewensmëttelhëllef. An deem Kontext haten déi Responsabel vu 5 ONGe viru kuerzem eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel an dem Kooperatiounsminister Franz Fayot, fir sech iwwert hir Aarbecht auszetauschen.
Fir d'Hëllefsorganisatiounen, déi ënnert anerem an de Partnerlänner hëllefen, bedeit d'Corona-Kris eng gewalteg Erausfuerderung. Virun allem, well se hir geplangten Hëllefsprojete mussen ëmsetzen, ewéi d'Aarmut ze reduzéieren an d'Educatioun ze fërderen. Donieft musse se Corona-Protektiounsmëttel verdeelen. Den neie Virus huet een Impakt op hir Ustrengungen.Duerch d'Reesverbuet an d'Quarantänsmesurë war d'Aarbecht vun Hëllefsorganisatiounen nëmme deels méiglech. E grousse Problem war awer, datt Done fir international Hëllef an de leschte Méint ëm 25 Prozent zréckgaange sinn.
D'Entwécklungslänner si weiderhi verstäerkt op Hëllef vu baussen ugewisen. Duerch d'Corona-Kris ass hir Ekonomie wirtschaftlech ugeschloen. Ma och vill Leit si gesondheetlech ugeschloen. Zum Beispill warnen d’ONGe virun enger Hongersnout an Afrika.
D'Entwécklungshëllef ass a bleift e wichtegen Aspekt. De Grand-Duché huet vill Projete weltwäit, ewéi ënnert anerem am Burkina Faso, dem Laos an dem Nicaragua.