Ëm 20 ProzentDen Interessi um Zweete Weltkrich ass an de leschten 30 Joer geklommen

Tim Morizet
De gréisseren Interessi un de Joren tëscht 1939 an 1945 kéint ënner anerem mat besserem Informatiounszougang ze dinn hunn.
Den Interessi um Zweete Weltkrich ass an de leschten 30 Joer geklommen
De gréisseren Interessi un de Joren tëscht 1939 an 1945 kéint ënner anerem mat besserem Informatiounszougang ze dinn hunn.

D'Zuel vun de Persounen, déi sech fir den Zweete Weltkrich intresséieren, ass an de leschten 30 Joer geklommen. Dat huet e Sondage vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale erausfonnt.

D'Etüd vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, déi 1.000 Leit aus allen Altersklassen a mat Migratiounshannergrënn befrot huet, huet erausfonnt, datt 20 Prozent méi Leit sech fir de Krich intresséieren, ewéi nach virun 30 Joer. Et ass eng Etüd, déi och de Comité zum Deel iwwerrascht huet.

Allgemeng hätten déi Befroten d'Gefill, besser iwwert déi verschidden Aspekter vum Krich Bescheed ze wëssen, ewéi déi nach virun dräi Joerzéngten. Hei spille virun allem grouss Medien eng wichteg Roll, erkläert den Carlo Kissen vum Sondage Site Quest.

Et huet mat Sécherheet och eppes mat der Demokratiséierung vun de Medien, vun der Zougänglechkeet vun den Informatiounen ze dinn. Ma beim Material soen d'Leit, datt et virun allem historesch Filmer an Documentairen sinn, déi zur Opklärung bäidroen.“

63 Prozent vun der Populatioun sammelt an deem Sënn e Groussdeel vun hiren Informatiounen iwwert de Bildschierm. Wéineg beléift par Konter sinn Commemoratiounen a Konferenzen – 11, respektiv 3 Prozent vun der Populatioun hu bis ewell esou eng gekuckt oder schonn un enger participéiert.

Eng vun zwou Persounen seet effektiv, datt se och nach méi iwwert de Krich well gewuer ginn. Den Interessi ass an allen Elementer ronderëm de Krich grouss. Esou, datt d'Informatiounsaarbecht eng méi einfach Aarbecht huet.“

Besonnesch grouss ass Demande no Zäitzeien.

Méi erschreckend awer ass Tatsaach, datt dräi Véierels vun de Befroten d'Gefor vun engem neie Krich um europäesche Kontinent als grouss aschätzen. D'Opklärung bléift e wichtegt Mëttel dogéint. Hei fuerderen 50 Prozent vun der Populatioun, datt dofir och den Zweete Weltkrich an der Societéit a vun der Politik méi thematiséiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO