
De Conseil d'Administratioun huet an deem Kader unanime entscheet, dass de Michel Reckinger, President vun der Handwierkerfederatioun, d'Geschécker vun der UEL vum 1. Januar 2021 un soll iwwerhuelen. Dat schreift d'Patronat-Vertriedung e Méindeg de Moien an engem Communiqué. Den Nicolas Buck wéilt sech an Zukunft ganz sengem Rôle als Chef d'entreprise verschreiwen.
De Michel Reckinger ass Patron vun engem Familljebetrib mat ronn 250 Salariéen a géing ganz gutt d'Defie vun de Lëtzebuerger Entreprise verstoen a wär deemno déi ideal Vertriedung vum Patronat bei der Regierung, sou d’UEL.
Den Nicolas Buck ass e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.