
Demno hätt den Entrepreneur a President vum Science Center, Nicolas Didier, manner Suen dra stiechen, wéi hien dat gesot huet. No der Reunioun sot d’Presidentin vun der Budegetskontrollkommissioun, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm : «Also wann een d’Salairë mat a Betruecht zitt, wär een op enger Differenz vun 190.000 Euro. An da kommen awer nach verschidde Beträg dobäi, déi net bezuelt gi sinn an da komme mer op déi 730.000 Euro, vun deene geschriwwe gi war, datt hien déi u sech nach ze kréien hätt. » Den Nicolas Didier selwer hat géintiwwer RTL vun 2,4 Milliounen Euro geschwat, déi hie privat an de Science Center investéiert hat an nach ze gutt hätt, falls den Educatiounsministère de Science Center wéilt iwwerhuelen a weider féieren. Hien hat sech a senger Funktioun als Direkter vun der ASBL Luxembourg Science Center eng Pai vu 16.000 Euro de Mount accordéiert an ausbezuelt. Doriwwer hat hien d’Membere vum Verwaltungsrot – ausser deem, deen den entspriechenden Aarbechtskontrakt ënnerschriwwen hat, net informéiert. D’Deputéiert kruten erkläert, hien hätt am Ganzen 2,8 Milliounen Euro investéiert, mee deemno scho Suen zrécktransferéiert, sou datt ënnert dem Stréch 730.000 Euro opbleiwen.
En Vue vun enger Weiderféierung vun den Aktivitéite vun Luxembourg Science Center hunn d’Vertrieder vum Educatiounsministère e Memorandum of Understanding virgeluecht, dee soll mam Science Center ënnerschriwwe ginn, fir verschidden Punkten ze klären, ier eng nei Finanzéierungskonventioun kéint ënnerschriwwen ginn, esou d’Diane Adehm :
«Datt ass notamment, datt guer kee Lien méi mat där GGM11 besteet. Datt déi Aktivitéiten, déi déi GGM11 fir de Science Center mécht, datt déi Aktivitéite géinge ganz vum Science Center selwer iwwerholl ginn. An d’Konditioun vum Ministère ass awer och ganz kloer, datt zwee Vertrieder vum Staat an d’Zukunft solle Member vum Verwaltungsrot vum Science Center ginn. Dat wier eng Kéier e Vertrieder vum Educatiounsministère an dann awer op der anerer Säit och e Vertrieder vun der IGF.»
Den Educatiounsministère hat am Abrëll d’Finanzéierungskonventioun mam Science Center wéinst dem Nicolas Didier sengen Interessekonflikter an anere Probleemer gekënnegt. Hie war op fréier Proposen, fir d’Gouvernance vum Science Center ze änneren, net agaangen.