
Den Nima Ahmadzadeh gouf am Regierungsrot als neien Direkter vun der Finanzinspektioun genannt.
Den Direkteschposte vun der Finanzinspektioun huet missten nei besat ginn, well de Raymond Bausch am August als Direkter demissionéiert hat. Hien ass am Oktober gestuerwen. De Marc Vanolst hat de Posten zënter August am Interim iwwerholl.