
D'Familljeministesch Cahen hätt zwar ënnerstrach, datt si absolutt keng Privatiséierung wëlles hätt, ma dat géif awer net aus dem Gesetztext ervirgoen.
Am Géigendeel: E géif en Zesummeleeë vu verschiddene Servicer a Privatfirmen virgesinn, déi vu Servior geréiert géifen. Notamment, administrativ, technesch a logistesch Tâchen a Restauratioun.
Esou en neit Gesetz wier och guer net néideg, wann een net wéilt privatiséieren. Dowéinst misst d'Gesetz komplett zeréckgezu ginn, esou den OGBL an engem Communiqué um Dënschdeg.