Um DonneschdegDen OGBL huet zwee "Plan de Maintien dans l'emploi" ënnerschriwwen
Dat mat der Unioun vun de Reesagencen (ULAV) an der Associatioun vum Evenementiel (LEA). 2 Secteuren, déi ganz staark vun der Coronakris betraff sinn.
Mat den Accorde sollen Aarbechtsplaze mat alle Moyenen erhale bleiwen, iwwer Kuerzaarbecht, Formation continue, Pré-Pensiounen oder Aarbechtsgarantien. Déi zwee Pläng mussen nach gréng Luucht kréie vum Konjunktur-Comité a gëlle bis Enn vum Joer.
PDF: Pressecommuniqué vum OGBL (18.3.2021)