Hien ersetzt domat de Guy Hoffmann, deen dee Poste wéinst de Statutte vun der Associatioun no sechs Joer net nach eng Kéier konnt kréien. Hien ass neie Vize-President vun der ABBL.
Obwuel d’Profitter am Bankesecteur zejoert mat 6,6 Milliarden € iwwer 65 Prozent méi héich waren ewéi nach 2022, schwätzt d’ABBL op hirer Pressekonferenz e Méindeg vun onsécheren Zäiten. Dat léich dorun, dass et par rapport zum Rescht vun der Ekonomie en Decalage vu gutt 6 Méint oder méi géif ginn. D’Banken hei zu Lëtzebuerg misste virsiichteg bleiwen.
D’Gewënner wieren an der Haaptsaach op déi méi héich Tauxen zeréckzeféieren, wéi de Guy Hoffmann erkläert:“Dat sinn an der Haaptsaach Revenuen, déi um Niveau vun de Liquiditéiten, déi d’Banken halen a vun hiren eegene Mëttelen, déi se lo konnte positiv placéieren. Déi Jore virdrun hunn d’Banken dorop -0,5 Prozent Strofzëns drop bezuelt. Et ass also net esou wéi d’Clienten dacks denken, dass mir elo géife méi Margen op de Sue vun de Cliente maachen.”
An duerch déi gutt Resultater hunn d’Banken dem Staat och vill Steieren abuecht. De Secteur ass fir en Drëttel vun de Steierrecette responsabel. Fir d’Banke géif et allerdéngs och ëmmer en Decalage par rapport zu der globaler Ekonomie ginn. Deementspriechend rechent d’ABBL domat, dass et geschwënn zu Schwieregkeete kënnt. Aus deem Grond wär et gutt, dass elo Polster do ass, deen d’Banken och nach weider missten opbauen.
Bei der ABBL wéisst een och, dass d’Zënsen op den Immobilieprêten d’Leit interesséieren. Hei betount een, dass ee sech um Leetzëns vun der Europäescher Zentralbank orientéiere misst. Den Direkter Jerry Grbic geet dovun aus, dass d’EZB am Juni 0,25 Prozent mam Leetzëns erofgeet:
“Soubal d’Zenralbank déi Tauxen erofsetzt, kommen an deene verschiddene Banke Gremie zesummen, déi decidéieren, wéi se dat ajustéieren. Do kann een dovun ausgoen, dass déi 0,25 Prozent dem Client dann integral gutt geschriwwe ginn. A wat fir engem Delai? Dat hänkt dovun of, wéi déi verschidde Banken organiséiert sinn.”
Ganz niddreg Tauxen ëm 1,5 bis zwee Prozent ewéi se dat lescht Joerzéngt géint d’Scholdekris agesat goufen, kéimen wuel net méi zeréck. “De ‘new normal’ wäert éischter tëscht dräi a véier Prozent leien.”, erkläert den ABBL-Direkter Jerry Grbic. Der Bankenassociatioun maachen ëmmer méi Reglementer Suergen, déi Entreprisen an d’Leit déi do schaffe sollen, ofschrecke kéinten, sou den en neie President Yves Stein. “Mir ginn ze komplizéiert an et dauert ze laang. Mir mussen un der Reglementatioun schaffen, fir dass et der net méi gëtt, mä fir dass se méi intelligent gëtt.”
D’ABBL schléisst sech den Iddien un, déi aktuell op EU-Niveau diskutéiert ginn fir eng Spuer- an Investitiounsunioun. Privat Kapital soll dobäi hëllefen, d’Energietransitioun an déi am digitale Beräich ze finanzéieren. D’Lëtzebuerger Finanzplaz misst do e Wiertche matschwätzen, seet den Yves Stein.