
Virop hält de Statec fest, dass den Zougewënn vun energeetesch effizienten an dekarboniséierten Technologien et Lëtzebuerg erlabe wäerten, seng Obligatiounen am Kader vun den europäesche Klimaziler fir d’Joer 2030 ze erreechen, och wann net all Secteur seng Ziler erreeche wäert.
Weiderhi wäert de Progrès bei der energeetescher Effizienz dem Statec no dozou féieren, dass den Energieverbrauch net méi zesumme mam wirtschaftleche Wuesstem klëmmt.
D’Ersetze vun de fossillen duerch méi propper Technologië soll et Lëtzebuerg dann erlaben, dem Zil, bis 2050 CO2-neutral ze sinn, ëmmer méi no ze kommen. Allerdéngs wäert dësen Objektiv den aktuelle Projektiounen no net komplett erreecht ginn.
D’Dekarboniséierung wäert dann an ënnerschiddleche Secteure mat ënnerschiddleche Vitesse passéieren an op ënnerschiddleche Mesurë berouen. Am Transport wäerten dat virun allem déi kontinuéierlech Hausse vun der CO2-Steier an d’Elektrifizéierung vun de Gefierer sinn. Grad ewéi och den europäesche Verbuet vum Verkaf vun Neiween mat Verbrennungsmotore vun 2035 un.
Am Bautesecteur wäerten déi energeetesch Norme fir nei Konstruktiounen déi wichtegst Roll spillen an an der Industrie wäert den Accès zu Waasserstoff, dee mat nohalteger Energie produzéiert gouf, laangfristeg gesinn, dee potenziell gréissten Impakt hunn.
De Statec rechent dann domat, dass fir d’Dekarboniséierung vun der Lëtzebuerger Ekonomie tëscht 2023 an 2030 Investissementer an Héicht vun insgesamt 8,4 Milliarden Euro néideg sinn. Dës Investissementer wäerten esouwuel vum Staat ewéi och vu privaten Acteure komme mussen. Nieft den ëffentlechen Investissementer wäert de Staat d’Efforte vun de Stéit an den Entreprise finanziell ënnerstëtzen. Nieft de staatlechen Depensë wäert d’Baisse vun der Vente vum Bensinn an Diesel en negativen Impakt op déi staatlech Recetten hunn.
Op der anerer Säit, geet de Statec awer dovun aus, dass d’Baisse vun den Energiekäschten, déi d’Mesurë mat sech bréngen, d’Investissementer säitens de Stéit kompenséiere wäerten.
Och op déi ganz Ekonomie gekuckt, geet de Statec dovun aus, dass d’Hausse vun den Investissementer an d’Baisse vun den Energiepräisser, wann ee se géinteneen oprechent, wuel e liicht positiven Impakt wäerten hunn. Woubäi dësen awer wuel wäert negligabel sinn.