Neie Rezeptor entdecktDepressiounen a Péng besser behandelen

Pierre Weimerskirch
Mënsche mat Depressiounen a Patienten, déi chronesch Péng hunn, si Pathologien, déi ëmmer méi heefeg ginn.
Depressiounen a Péng besser behandelen
Mënsche mat Depressiounen a Patienten, déi chronesch Péng hunn, si Pathologien, déi ëmmer méi heefeg ginn.

Fuerscher vum Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet (LIH) ass et an der Grondlagefuerschung gelongen, ee weidere Rezeptor fir Opioiden ze entdecken.

Si hunn e Prototyp vun enger Moleküll entwéckelt, fir Patienten ze behandelen. Dëst wier eng Revolutioun a géif ganz nei Weeër opmaachen, chronesch Patienten ze traitéieren. Am renomméierte Magasinn Nature Communications sinn d’Resultater publizéiert ginn. Eleng dat weist, wéi wichteg d’Erkenntnisser sinn a wei héich d’Qualitéit vun de Resultater ass.

Fuerscher zu Lëtzebuerg hunn déi lescht Joren op deem Thema geschafft a sinn op ee bis dato onbekannte Rezeptor fir Opidoide gestouss.

De Fuerschergrupp ronderëm den Andy Chevigne aus der Immunpharmakologie beim LIH huet och en Traitement entwéckelt, fir chronesch Kranken ze hëllefen. D’Moleküll, déi een entwéckelt huet, ass e Prototyp, deen een zu Lëtzebuerg patentéiert huet. Zesumme mat Pharmakonzerner sollen iwwert déi nächst Jore Medikamenter entwéckelt ginn.

Den LIH wëll ee Spin-Off grënnen, wou d’Entwécklung nach méi séier ka viru gedriwwe ginn. Wuel wier d’Zil vum Fuerschungsinstitut net, Geld ze maachen. Ma esou nei Therapie-Méiglechkeete sinn ee Milliounegeschäft.

Back to Top
CIM LOGO