Déi Gréng fuerderen"Deputéiert solle Koalitiounsprogramm virum Debat um Krautmaart kréien"

RTL Lëtzebuerg
Déi Gréng schécken en ëffentleche Bréif un de Chamberpresident, an deem si fuerderen, dass op d'mannst d'Chamber de Koalitiounsprogramm geschéckt kritt.

Dat ier déi nei Regierung vun CSV an DP den Accord um Krautmaart presentéiere wäert.
De Formateur Luc Frieden hat jo um Méindeg erkläert, dee kéint net ëffentlech gemaach ginn, éier en an der Chamber virgestallt gouf.

Direkt no der Signature en Donneschden missten op d’mannst all d’Deputéiert de Koalitiounsprogramm virum Debat an der Chamber liese kënnen, fuerderen déi Gréng. 2018, wou déi Gréng nach Regierungspartei waren, wär dat de Fall gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO