
Dat nodeems onzefridden Enseignanten a Chercheuren de leschten Hierscht virun der Chamber manifestéiert haten a mat Kritik an d’Press gaange waren. De Recteur Jens Kreisel an d’Vize-Rectrice Simone Niclou ware ganz an hirer Roll an hunn d’Uni vereedegt. Dem Jens Kreisel géifen d’gewielte Vertrieder vu Personal a Studenten am Conseil universitaire soen: “Il n’y a pas de malaise systémique à l’Université. Il existe très certainement des cas individuels qui sont difficile à vivre. Mais il n’y a pas de malaise systémique.”
D’Simone Niclou huet erkläert, datt d’Situatioun vun de Beschäftegten an der Recherche, déi ëmmer zäitlech begrenzte Kontrakter vun e puer Joer kréien, net just op der Uni Lëtzebuerg schwiereg wär, mee d’Konditioune weltwäit déi nämmlecht wieren. Et wéilt een d’Personal besser an dëse Situatioune begleeden. Dofir wier de Bureau des affaires professorales opgebaut, et géif e Mediatiounsservice, en Ombudsbüro an eng Whistleblower-Ulafstell. Allebéid, Niclou a Kreisel, hunn ënnerstrach, all dës Mesurë kéinten ëmmer weider verbessert ginn. De Conseil universitaire hätt eng intern Analyse an d’Weeër geleet, esou de Recteur. Ma et gouf och en externen Audit ugekënnegt. De Jens Kreisel sot: “Es geht in diesem Fall tatsächlich um die Ressources humaines, einfach um das Wohlergehen unserer KollegInnen, ihnen so viele Kanäle wie möglich anbieten zu können, es geht um die Klarheit unserer Mechanismen und darum, wie man sie verbesseren kann.”
Ma de Cahier de charge fir den Audit gëtt vum Conseil de gouvernance vun der Uni ausgeschafft, souzesoen dem “Verwaltungsrot” vun der Uni selwer; d’Resultater ginn och als éischt un d’Uni, den Optrag kënnt vun hir. Net vum Ministère. D’Gouvernance-Struktur vun der Uni insgesamt ass net am Perimeter vum Audit. An dofir gouf et ferm wann och manéierlech Kritik vun den Deputéierten. D’Joëlle Welfring vun déi Gréng sot no der Reunioun: “Dat sinn och Constaten, déi gemaach goufen no verschiddenen Evaluatiounen, déi extern gemaach goufen, vun Technopolis zum Beispill, fir d’lescht d’lescht Joer am Mee, wou nach dra steet, datt d’Gouvernance-Struktur vun der Uni misst flexibiliséiert an ugepasst ginn un den neie Fonctionnement an un d’Aktualitéit, dat vill Ufuerderungen op esou eng Institutioun duerkommen an datt hir aktuell Struktur eigentlech net méi adequat wier. An dofir sinn ech elo erstaunt, datt wann elo Saache mussen analyséiert ginn opgrond vu Plainten, déi jo averéiert sinn a ganz ville Fäll, datt dann de Scope, oder dat, wat gekuckt gëtt awer relativ reduzéiert ass.”
Dat wier schued, esou d’Joëlle Welfring: “Nieft der Aart a Weis, wat do gekuckt gëtt, fannen ech och, datt d’Ministesch quasi der Uni iwwerléisst, wéi se deen Audit do mécht, e bësse schwiereg. Si huet jo dat haut ganz kloer direkt op de Rektor iwwergeleet, déi doten Aufgab, an deen natierlech och säi Choix da mécht, woubäi ech och soen, de Conseil de gouvernance do natierlech och matschwätzt. Trotzdeem, wann ee weess, wéi do d’Nominatioune sinn, fannen ech et och schwiereg, datt am Fong déi Responsabilitéit net geholl gëtt vun enger Ministesch, fir ze soen: ‘ech wëll dat hei elo am Fong emol duerchliichten’”.
De President vun deem Conseil de Gouvernance ass de Geschäftsmann Yves Elsen. Leschte Freiden hat d’Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land ervirgehuewen, datt d’Firmen Hitec a Lift me off, wou den Yves Elsen Parten huet, industriell Partner vum interdisziplinären Zentrum SNT wieren. D’LSAP-Deputéiert Liz Braz huet dofir och no ekonomeschen Interessekonflikter innerhalb vun der Gouvernance gefrot. Si sot no der Kommissioun: “Ech bedaueren och, datt deen Audit just soll d’Ressources humaines couvréieren, an datt de Volet Gouvernance do net soll mat abezu ginn, well dat schéngt awer e systeemesche Probleem ze sinn op der Uni Lëtzebuerg an ech bedaueren, datt deen haut an der Kommissioun méi schéi geschwat ginn ass, wéi dat, wat een am Off héieren huet.”
De Recteur hat an der Reunioun drop higewisen, datt d’Uni an hirem Gesetz stoen huet, datt si zur ekonomescher Entwécklung vu Lëtzebuerg bäidréit.
Ma och den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement sot: “Wat mech irritéiert ass, datt den Audit vun der Uni selwer an Optrag gi gëtt, a net wierklech onofhängeg ass. Hei wär et, mengen ech, ubruecht gewiescht, den Audit entweder direkt un de Ministère an idealerweis esou guer direkt e Rapport un d’Chamber ze maachen, fir datt wierklech och déi Onofhängegkeet garantéiert ass. Et gi Leit op der Uni, déi d’Onofhängegkeet vun deem Audit a Fro stellen, éiert en iwwerhaapt bestallt ass.”
D’Ministerin, Stéphanie Obertin, huet verséchert: “Et ass net, well de Ministère et net mécht, datt mer net eng Supervisioun hunn, datt mer eis dat net ukucken an net op der Fong ginn.”
Ma esou guer bei der Majoritéit war d’Skepsis däitlech: “Also fir mech perséinlech si leider nach vill Froen op. An ech mengen, datt mer deem weider mussen op de Grond goen”, sot d’CSV-Deputéiert a Kommissiounsvizepresidentin Françoise Kemp. “Ech mengen, dat muss ee wierklech gutt kontrolléieren, datt déi Onofhängegkeet wierklech garantéiert ass, an datt mer och duerno d’Resultater am Fong diskutéieren an enger (Kommissiouns)sëtzung.”
Vu riets bis lénks war ee sech deemno eens; den David Wagner vun déi Lénk sot, den Audit misst der Fro nogoen, ob et keng systeemesch Probleemer géif.
Ma wier net elo nach Geleeënheet, d’Missioune vum Audit ze erweideren? D’Stéphanie Obertin war fir déi Iddi op. “Ganz flotten Input. Dir wësst, datt d’Dokument eréischt de 6. Februar also den nächste Freiden an d’Soumissioun geet, d’Leit vun der Uni wäerten déi Saach ugoen, kucken, ob et komplett ass, mat all deenen Informatiounen déi mer haut nach emol opgeworf hunn. Dofir ware mer jo och an der Kommissioun, dofir hu mer jo och Transparenz gespillt, mir hunn op all Froe geäntwert, dat ass och ons ganz wichteg an, wéi gesot, d’Dokument ass nach net soumis an et kann een dat nach alles eng Kéier iwwerkucken.”
Ob d’Leit vun der Uni dann och esou oppe sinn? De Jens Kreisel sot iwwert den Unispresident Yves Elsen: “Er hat mit seinem Aufsichtsrat ein Lastenheft besprochen, dass ist im Moment das Lastenheft, an das ich mich zu halten habe.”
Op d’Fro, ob den Aufsichtsrat also konkret diskutéiert huet, ob och d’Gouvernance-Struktur soll ënnersicht ginn oder net, also och déi Gremien an Decisiounsprozesser, un deenen den Yves Elsen an déi aner Membere bedeelegt sinn, sot de Recteur: “Die Gespräche innerhalb des Aufsichtsrates sind vertraulich.”
Bis den nächste Freide bleift et also spannend, ob den Audit ausgebaut gëtt oder net.
Dat onzefriddent Personal vun der Uni wiert sech entretemps mat anere Moyenen. Dem Jens Kreisel no huet en anonymmen Auteur 22 internationale Partnerunien eng Presserevue vun de kriteschen Artikelen an enger E-Mail verlinkt: “Ihnen wurde suggeriert, dass sie daraus Schlussfolgerungen ziehen sollte. Und das ist natürlich für die internationale Reputation der Universität schwierig.”