Déidlechen Accident a Kloterhal zu ZolwerE 37 Joer ale Mann ass 7 Meter an d'Déift gefall a sollt seng Blessuren net iwwerliewen

Andy Brücker
De Mann koum nach fir eng Behandlung an d'Spidol, ass awer u sengen uerge Blessure gestuerwen.

En Dënschdeg den Owend kuerz no 20 Auer krut d'Police e schroen Accident an enger Kloterhal zu Zolwer gemellt. E Mann (37) war hei 7 Meter an d'Déift gefall.

Dëse gouf liewensgeféierlech blesséiert a gouf an d'Spidol transportéiert, wou en an der Nuecht op e Mëttwoch awer u sengen uerge Blessure gestuerwen ass.

De Miess- an Erkennungsdéngscht ass op d'Plaz gefuer, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären. Op Ufro vum Parquet gouf eng Autopsie ugefrot.

Mann war eleng, mat sougenanntem Auto-Belay-System geklotert

De Mann vu 37 Joer ass eleng geklommen. Dat mam sougenannten Auto-Belay-System, engem Mechanismus, deen de Klammpartner ersetzt. De Gilbert Schneider vum RedRock Climbing Center sot RTL op Nofro, dass de System konform wier, een der Police och déi néideg Dokumenter matginn hätt. D'Police hätt och op der Plaz den Auto-Belay-System matgeholl. Iwwert déi genee Ursaach kéint een elo nëmme spekuléieren, esou de Co-Proprietär. Eemol am Joer géif déi komplett Anlag kontrolléiert ginn. D'Klammhal bleift weider normal op.

Back to Top
CIM LOGO