Laurent MosarDer CSV feelt et am Dossier Google un Transparenz

RTL Lëtzebuerg
Der CSV feelt et am Dossier Google un Transparenz, huet den Deputéierte Laurent Mosar no der parlamentarescher Wirtschaftskommissioun geklot.
Hei d'Ronndëschgespréich vu Google mat der Lëtzebuerger Press.
Hei d'Ronndëschgespréich vu Google mat der Lëtzebuerger Press.
© Jeannot Ries

Seng Partei géif dat net acceptéieren a wier der Meenung, datt d'Chamber misst eng Kopie vum Memorandum of understanding kréien, deen et tëschent Google, der Regierung an der Gemeng Biissen géif ginn.

Wann dat net méiglech sollt sinn, da misst de Wirtschaftsminister Etienne Schneider de Membere vun der Kommissioun Ried an Äntwert stoen.

Ma och dat wier eng Saach vun der Onméiglechkeet, reegt sech de Laurent Mosar am RTL-Interview op a präziséiert, datt d'CSV den Etienne Schneider schonn de 15. Juli an d'Kommissioun geruff huet.

"De Minister ass net do a schéngt och net gewëllt ze sinn, an d'Kommissioun ze kommen. Mir sinn de Moien Erstaunleches gewuer ginn, nämlech vun engem Conseiller vum Här Minister, datt de Minister bis Chrëschtdag, also elo an deenen nächste 6 Wochen, just am Ganzen nach zwee Deeg hei am Land wier. Mat allem Verständnis, datt e Wirtschaftsminister natierlech och muss am Ausland seng Prospektiounsreese maachen, et kann awer trotzdeem net sinn, datt dee just nach zwee Deeg hei am Land ass an einfach net an d'Wirtschaftskommissioun kënnt."

Datt hie bis Chrëschtdag just nach zwee Deeg am Land wier, géif net stëmmen, seet den Etienne Schneider.
Hie confirméiert awer, datt et bis elo zäitlech schwiereg, war fir d'Membere vun der Chamberkommissioun ze gesinn:

"Si hunn dat wuel de 15. Juli ugefrot, mä dono war d'Chamber an der Vakanz wärend quasi zwee Méint. Do ass keng Kommissioun gewiescht an dono ass et leider ëmmer esou, datt d'Chamberkommissioun, déi fir d'Economie zoustänneg ass, just Donneschdes um 9 Auer zesumme kënnt.  Wann ech grad deen Donneschden am Ausland sinn, da kann ech net dohinner goen.  Dat ass leider hei de Problem gewiescht.

Fir de Rescht vum Joer stinn effektiv nach vill Rendezvousen am Ausland um Programm, seet den Etienne Schneider an zielt op: Ministeriell Meetingen a Konferenzen, zu Sevilla, Warschau, Moskau, Astana a Bangkok, ma dat wier säin Job.

"Ech ka mir dat och net eraussichen. Ech hunn e Programm als Wirtschaftsminister, als Aussenhandelsminister an dat féiert nu mol dozou, dass ech meng Aarbecht relativ vill muss am Ausland maachen. Ech hunn elo gesinn, den 19. Dezember wier zum Beispill een Dag, wou ech nach kéint kommen, mä anscheinend ass dee Moie Chamber esou datt dat och näischt gëtt. "

D'CSV pocht awer drop, datt d'Chamber den éischte Pouvoir am Land ass a muss informéiert ginn.

"Mir mengen, datt mir hei als Chamber och all Informatiounen zu deem Dossier misste kréien. Ried an Äntwert misst de Minister eis do stoen. Dat ass net de Fall a mir wäerten dat net acceptéieren a mir wäerten eis och net ginn, bis mer endlech eng Kopie vun deem Memorandum of Understanding kritt hunn, respektiv bis de Minister an déi zoustänneg Kommissioun kënnt. "

Hie wéilt sech guer net do virdrundrécken, esou den Etienne Schneider, deen nach emol widderhëlt, datt et donneschdes moies schwiereg wier. Fir de Rescht wier hien zu all Auerzäit an och de Weekend bereet, d'Membere vun der Parlamentarescher Wirtschaftskommissioun ze gesinn.

Wat de Memorandum of understanding betrëfft, erënnert den Etienne Schneider drun, datt dat schonn éiweg esou gehandhabt gëtt, datt déi Absichtserklärungen net am Parlament public gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO