
Der DP waren all d'Detailer vun de Virwërf géint d’Monica Semedo bekannt, mä d’Affär hätt d‘Partei net interesséiert an eréischt nom ëffentlechen Drock, hätt d‘DP hir Meenung geännert an d’Monica Semedo net méi ënnerstëtzt.
D’Europadeputéiert war jo wéinst Mobbing-Virwërf am Europaparlament fir zwou Woche suspendéiert ginn. D’DP hat an enger éischter Reaktioun hir de Réck gestäipt, duerno awer decidéiert, e Comité des sages anzesetzen, fir ze kucken, ewéi et an der Causa Semedo géing weidergoen.
D’Monica Semedo betount e Freideg nach emol, datt d’DP-Spëtzt vun Ufank un au Courant war vun hirer Affär. Si hätt ëmmer a kompletter Transparenz intern doriwwer kommunizéiert. D’Detailer vun de Plaintë wieren der DP bekannt gewiescht, well si ënnert anerem d’Bréiwer vun hirem Affekot der Partei weiderginn hätt. Dat widdersprécht der Versioun vun der DP-Parteipresidentin a Ministesch Corinne Cahen, déi sot, si wier sech der Gravitéit vun de Reprochë géint d’Monica Semedo net bewosst gewiescht.
D’Monica Semedo, déi hiert Mandat als Europadeputéiert wëll weiderféieren, erkläert an hirer Tribune libre weider, datt si sech eenzele Comportementer géigeniwwer hire fréieren Assistente bewosst wier a si entschëllegt sech dowéinst nach emol.
D'Monica Semedo huet iwweregens virun der Publikatioun vun der Tribune Libre zougesot, fir RTL Télé Lëtzebuerg e Méindeg en Interview ze ginn.