Dobäi krut Esch seng éischt Bicher-Kollektioun schonn am Joer 1892. 43 Bänn, déi en deemolege Schoulmeeschter opgeholl hat, waren d’Grondlag fir d’Entwécklung vun der Escher Bibliothéik, déi offiziell 1920 gegrënnt gouf an an den 80er Joren e Mentalitéitswiessel erlieft huet, wéi sech den Notzer seng Lecture bis fräi am Regal konnt eraussichen. Och haut ass d’Escher Bibliothéik ëmmer nach gutt besicht.