Manner laang WaardezäitenD'Escher Spidol krut en neien IRM geliwwert

Monica Camposeo
Fir d’Maschinn op hir nei Plaz ze kréien, war eng relativ spektakulär Aktioun néideg.
© Henri Schwirtz

Mat deem neien IRM erhofft sech d'Spidol virun allem manner laang Waardezäite fir d'Patienten.
Viru ronn 6 Méint hunn d’Virbereedunge fir den neien IRM ugefaangen. Am Bannenhaff nieft dem Service vun der Radiologie ass fir déi nei Maschinn extra e Containerbau mat enger Zort Fënster gebaut ginn. Ronn 2,5 Milliounen Euro hunn d'Bauaarbechten, den Transport an d'Maschinn selwer kascht. Dës Zomm gëtt zu 80% vum Gesondheetsministère an zu 20% vun der Krankekeess finanzéiert. Ma en neien IRM wier awer dréngend néideg gewiescht.

"Vill Leit hu missen an d’Ausland goen, fir en IRM ze kréien. D’Waardezäite waren tëschent 6 an 8 Wochen, dat war bei eis och esou. Mir erhoffen eis elo, d’Waardezäiten erofzesetzen, ëm d’Halschent wann et geet. Mir wäerten och eis Heures d’Ouverture vum 1. Dezember un erweideren, ëm moies eng Stonn an ëm owes eng Stonn, esou dass déi vun moies 6 bis owes 10 Auer wäerte sinn.", erkläert den Dr. Claude Birgen, medizineschen Direkter vum CHEM.

D'Escher Spidol krut en neien IRM geliwwert
Fir d’Maschinn op hir nei Plaz ze kréien, war eng relativ spektakulär Aktioun néideg.

Den Ament mécht de CHEM op den zwee Sitten zu Esch-Uelzecht an zu Nidderkuer ëm 80 IRMen den Dag. Mat der drëtter Maschinn kënnen nach emol 40 Patiente pro Dag méi ënnersicht ginn. D’Maschinn kann awer nach net direkt benotzt ginn.

"Dee Magnéitkär weit 5 Tonnen an dat ass den Haaptbestanddeel vun der Maschinn. De Rescht ass Technik an déi gëtt an der Nächst nach dobäi gesat, esou dass déi ganz Maschinn den éischten Dezember fäerdeg ass.", esou den Dr. Claude Birgen, medizineschen Direkter vum CHEM.

Duerno muss déi nei Maschinn nach regléiert ginn. Am Ganze ginn et zu Lëtzebuerg elo 11 IRMen an dat um Kierchbierg, am CHL, zu Ettelbréck an zu Esch. Déi nei Maschinn aus dem CHEM wäert vu Mëtt Dezember un an den Asaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO