Geziilt falsch Noriichte verbreeden an esou bewosst déi ëffentlech Meenung beaflossen: Esou kann een “Desinformatioun” kuerz a knapp beschreiwen. Desinformatioun gëtt an der rezenter Zäit dacks benotzt, fir d’Vertrauen an demokratesch Institutiounen ze ënnergruewen. Gedeelt gëtt se heefeg an de soziale Medien, awer och kann ee se op onseriöe Medieplattforme oder Internetsäite fannen, déi d’Desinformatioun geziilt asetzen.
Desinformatioun erkennt een dacks dorunner, datt grouss Medienhaiser dës Themen net opgräifen. Wa Sujeten bewosst staark oder negativ Emotiounen ervirruffen oder keng Sourcen uginn, kann och en Indice sinn, datt et sech bei dësem Video, Text oder Bild ëm eng Desinformatioun handelt.
Fir Desinformatiounen ze ëmgoen, kann ee selwer no der méiglecher Source sichen oder ebe bei Medien, déi no journalistesch Standarde schaffen, no den Informatioune sichen.