
Entretemps gouf d’Ex-Ministesch Carole Dieschbourg am Kader vun der Enquête préliminaire an der Affär Gaardenhaische vun der Police Judiciaire gehéiert. Dat mellt de Radio 100Komma7.
De Rendezvous vun der fréierer grénger Ëmweltministesch Ministesch wier d’lescht Woch gewiescht, heescht et weider. De Ball läit elo beim Parquet. Dee wäert decidéieren, ob et eng Instruktioun wäert ginn oder ob d’Affär klasséiert gëtt.
Am Abrëll d’lescht Joer war d’Carole Dieschbourg als Ëmweltministesch zeréckgetrueden. Hannergrond ass d’Affär ronderëm dem Déifferdenger Ex-Buergermeeschter Roberto Traversini säi Gaardenhaischen.
Viru ronn engem Mount war dat entspriechend Gesetz um Krautmaart gestëmmt ginn, zesumme mat enger Resolutioun. Dëst huet et méiglech gemaach, datt d’Ex-Ministesch elo konnt gehéiert ginn.