Remboursement vu PsychotherapeutenD'Fapsylux freet sech iwwer "nei Etapp"

RTL Lëtzebuerg
D'Federatioun vun de Psychotherapeuten, d'Fapsylux, ass zefridden. Den zoustännege Minister Haagen huet elo eng Commission de Nomenclature aberuff.
© RTL-Archiv

Domat wier eng “nei Etapp” erreecht, heescht et weider.

Nieft weidere Verhandlunge mat der Gesondheetskeese wäert sech d’Federatioun och do engagéieren. Zanter 2017 setzt sech d’Fapsylux dofir an, datt eng Konventioun ausgeschafft gëtt, fir datt psychotherapeutesch Traitementer vun der CNS rembourséiert ginn.

D’Fapsylux huet e Mëttwoch de Moien dann och nach annoncéiert, datt et am Conseil d’Administration eng Rei Ännerunge wäert ginn. No 5 Joer am Déngscht trëtt d’Presidentin Delphine Prüm zeréck. Hei iwwerhëlt d’Catherine Richard. D’Vizepresidentin Julie Arendt gëtt hire Posten no engem Joer un de Michel Juncker of.

PDF: Communiqué de presse Fapsylux

Back to Top
CIM LOGO