ClierfD'Firma Tarkett GDL stécht a Schwieregkeeten

RTL Lëtzebuerg
D'Gewerkschaften OGBL an LCGB annoncéieren um Freideg de Mëtteg e Plan de maintien dans l'emploi. Um Site zu Clierf schaffen den Ament eng 500 Leit.

De Spezialist fir Buedembeleeg huet Problemer wéinst der Konjunktur an huet mat den Nowéie vun der Pandemie ze kämpfen. D’Zil ass et, Licenciementer ze evitéieren. De Plang leeft iwwer 8 Méint a gesäit ënner anerem Preretraiten a fräiwëlleg Departe vir.

D’Gremie vun de Gewerkschafte mussen nach gréng Luucht ginn.

Tarkett ass zënter méi wéi engem hallwe Joerhonnert zu Lëtzebuerg aktiv. D’Virgänger-Entreprisen hu Sommer an Eurofloor geheescht a waren zu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO