Dräi Fraen, dräi ënnerschiddlech SituatiounenD'Flucht aus dem Krich an der Ukrain op Zéisseng zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Olha Diachenko, d'Erika Kaminska an d'Halyna Rakochy verbënnt hir Flucht wéinst dem Krich aus hirer Heemecht Ukrain.
© RTL

Haart an häerzlech laacht Olha Diachenko. Nieft dem impressionnante Kuch, op ukrainesch “Tort”, dee si gebak huet, an dee muss geschmaacht ginn, ass dat hiert Allzweckmëttel, fir sproochlech a kulturell Barrièren ze briechen. Mat hirem Mann an hiren dräi Kanner ass si viru genee engem Joer zu Odessa an den Auto geklommen, fir iwwer Rumänien a Bulgarien, a schliisslech mam Fliger iwwer Däitschland op Lëtzebuerg ze kommen. Am Auto hu si geschlof, am Stau mat den anere Flüchtlingen op der Grenz, fir aus der Ukrain eraus, an Hotellen, bei der Schwëster zu Tréier an der Opfangstruktur um Findel, ier si bei enger Gaaschtfamill opgeholl goufen an du schliisslech am Summer zu Zéisseng an en Haus mat anere Flüchtlinge konnte raplënneren.

Ukrainesch Flüchtlingen zu Zéisseng / Reportage Michèle Sinner

D’Psychologin huet an der Ukrain mat Kanner geschafft. Och hei zu Lëtzebuerg huet si an engem Lycée ukrainesch Kanner betreit. Mä fir dat weider kënnen ze maachen, muss si als éischt e Sproochenexame packen. Si huet hire Beruff gären a wëll e bëssen Alldag schafen. Dofir seet si: “Et maintenant j’étudie le Français tous les jours.” Hiert 17 Joer alt Meedche Sofiia iwwersetzt a perfektem Englesch oder scho ganz guddem Franséisch, wann et net méi viru geet. Hatt geet an de Lënster Lycée de Bac international maachen an erkläert, datt et fir déi Jonk méi einfach ass, sech e soziaalt Ëmfeld hei ze schafen, well seng Frënn ukrainesch sinn: “For us, it’s still a big Ukrainian community here. Most of my friends and acquaintances that I met here are Ukranian speaking.”

Säi klenge Brudder Mischa geet zu Zéisseng an d’Primärschoul. “The teacher is very good”, seet hien a weist ganz houfreg seng Kaz. Gina heescht si, a wéi d’Famill bis zu Zéisseng installéiert war, ass d’Gina eleng mam Bus aus der Ukrain komm. D’Olha ass dankbar, datt si d’Kaz hunn däerfen halen, de Proprietär huet extra dofir de Contrat de bail geännert. “Thank you so much, for him it is very important, our cat.”

D’Haus, an deem si wunnen, gehéiert enger finnescher Koppel vun Eurokraten. Si wëllen net genannt ginn, mee erklären, datt si d’Haus wéinst dem Krich kaf hunn. Engersäits fir hiert Gespuertes viru Wärungschangementer ze schützen, anerersäits fir et geziilt Flüchtlingen zur Verfügungen ze stellen. Dat hu si iwwert d’Associatioun LUkraine gemaach. Loyer froe si de Moment keen, well se sech dat net kënnen erlaben. Just d’Chargë gi vun de Locatairen iwwerholl. Si hu bis elo just gutt Erfarunge mat hire Locataire gemaach.

D’Erika Kaminska ass eng diskret jonk Fra vu 26 Joer. Vläicht ass si méi zréckhalend, well si weder franséisch nach englesch schwätzt. Mee wuel net nëmmen. Si vermësst hire Frënd.

D’Erika an hir Famill sinn aus der Stad Charkiw am Oste vun der Ukrain, do wou virun engem Joer déi éischt russesch Bommen ageschloen sinn. Hir Mamm a hir Schwëster sinn direkt fortgaangen an am Mäerz zu Lëtzebuerg ukomm. D’Erika ass réischt am September nokomm, well hir Mamm inzitéiert huet, et wier ze geféierlech. Si wollt bei hirem Frënd bleiwen. Deen duerft, wéi aner ukrainesch Männer, am Alter fir den aktiven Déngscht, net ausreesen. Als éischt si si op Winnyzja gaangen, fir de russesche Bombardementer z’entgoen. Dunn zréck op Charkiw. Si mécht sech natierlech Suergen em hire Frënd, deen de Moment just als Volontaire schaffe kann.

Si schwätzen all Dag mateneen iwwer Telegram oder Face-Time. Am Dezember war si zréck an d’Ukrain, fir hien ze gesinn, erkläert si. Da kann si net weiderschwätzen a muss si sech zesumme rappen, fir net ze kräischen. D’Erika wëll zréck an d’Ukrain, soubal de Krich eriwwer ass. Hiert Liewen, hier Pläng sinn do, och wann et den Ament, sou laang all Dag gekämpft gëtt, schwiereg ass, sou Pläng ze maachen. Hier Aarbecht am Marketing-Beräich mécht si deels vu Lëtzebuerg aus weider.

D’Halyna Rackochy, 47 Joer al, war an der Ukrain Entrepreneur a Cheffin vun hirem eegene Betrib. Wéi beim Olha an dem Erika ass d’Famill e bëssen duerch Europa verstreet. Hire Bouf vun 18 Joer ass mat hier hei. Mee hiert Meedchen vun 25 an déi zwee Enkelkanner sinn a Polen. Déi éischte Kéier, wéi si op der Grenz waren, hate si hir Pabeieren vergiess a wéi se déi recuperéiert haten, duerften d’Männer net méi ausreesen. D’Halyna wollt hire Mann net eleng loossen. Hiere Bouf sollt bei seng grouss Schwëster a Polen. Mee par hasard huet e Grupp Volontairen hinne proposéiert, mat op Lëtzebuerg ze kommen, wou si als éischt bei enger Gaaschtfamill opgeholl goufen.

D’Halyna selwer schafft antëscht bei der Provençale, wou si Bestellunge vun de Restauranten geréiert. Wéi geet dat ouni Franséisch? Mat engem Algorithmus. Deem ass dat egal. Mee datt si schafft ass ëmsou méi wichteg, well hire Mann an der Ukrain keng Aarbecht méi huet, och wann hien net agezunn ass, fir ze kämpfen. D’Halyna war bis elo zweemol zréck an d’Ukrain, fir hien ze gesinn an well am Fréijoer nees goen. Mee déi Reese si komplizéiert a geféierlech.

Back to Top
CIM LOGO