Serie Nei Gesiichter an der Chamber (12)D'Françoise Kemp vun der CSV am Portrait

Christophe Hochard
Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech d'Françoise Kemp vir.
D'Françoise Kemp vun der CSV am Portrait
Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech d’Françoise Kemp vir.

D’Françoise Kemp ass 32 Joer al an duerch hir Famill parteipolitesch bei der CSV engagéiert. Wärend hir Schwëster, d’Martine Kemp, zanter kuerzem zu Stroossbuerg am Europaparlament aktiv ass, gouf d’Françoise an den Diddelenger Gemengerot an als Deputéiert an d’Chamber gewielt.

D’Recherche, d’Santé an ënner anerem de Logement leien där jonker Diddelengerin um Häerz. Sonndes, bei hirer Bom um Iessdësch, gouf dacks iwwer d’Politik geschwat an sou koum d’Françoise Kemp op de Goût vun der Politik.

Bei de Scoute ka si gutt ofschalten a gär huet déi jonk Politikerin de Kontakt zu anere Leit. Souwuel zu Diddeleng ewéi an der Chamber wären nei, jonk Leit aktiv. D’Françoise Kemp freet sech op hiert politescht Engagement.

Link: Hei fannt Dir déi aner Portraite vun den neien Deputéierten

Back to Top
CIM LOGO