Paul Schroeder, CGDISD'Frequenz an d'Intensitéit vu schroe Bränn geet däitlech an d'Luucht

Céline Eischen
De Bëschbrandrisiko wandert vum Süden zousätzlech a Richtung Norden.
© Andy Brücker

D'Bränn dëst Joer si sécher aussergewéinlech fir Europa. Mä et gouf scho sou Bränn, zum Beispill 2023 an der Gironde. D'Frequenz an d'Intensitéit vu sou Bränn geet awer däitlech an d'Luucht. Dat sot de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder e Freideg de Moien am RTL-Interview.

De kompletten Interview mam Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS

Sou Bränn wéi a Südeuropa misst een elo hei net onbedéngt fäerten, well een aner Kulturen, also aner Beem a méi verschiddener, an de Bëscher huet. Et géif ee generell awer mierken, datt de Bëschbrandrisiko vu Süden zousätzlech Richtung Norde wandert. 

Wat d'Bëschbrandbekämpfung ugeet, hätt ee sech an de leschte Joren zu Lëtzebuerg scho progressiv besser opgestallt, mä et wär sécher nach Aarbecht ze maachen. Aktuell bräicht een net onbedéngt a Läschfligeren oder -helikopteren z'investéieren, hat de Paul Schroeder viru Kuerzem scho gesot. Mä "never say never", huet hien e Freideg de Moie gemengt. Et misst een awer de finanziellen Opwand an och den Ausbildungsopwand am Verglach mam Risiko ofweien.

Et wär een och an der glécklecher Situatioun, datt ee mat Aquarius eng Firma mat Läschfligeren zu Lëtzebuerg hätt. Déi Fligere sinn an der Saison awer dacks anerwäerts stationéiert. Mä et géif ee kucken, fir ee Fliger am Noutfall kënnen ze lounen. Bëschbränn géifen och um Buedem geläscht ginn, sou de CGDIS-Generaldirekter.
 
De CGDIS war jo wéinst den Hëtztwellen och vill am Asaz fir de Mënschen ze hëllefen. Och do misst ee kucken, wat ee verbessere kéint. Et misst ee genuch Leit hunn an an d'Aarbechtsconditiounen der Hëtzt besser upassen, datt d'Pompjeeë sech zum Beispill an den Zentre besser vun den héijen Temperaturen erhuele kéinten. D'Gefierer hätten och bei deene villen Asätz gelidden a Klimaanlage wären zum Beispill futti gefuer.

Back to Top
CIM LOGO