Neit LoyersgesetzD'Géigewier wiisst weider

RTL Lëtzebuerg
Déi zwou Beruffs-Chambere sinn alles anescht wéi begeeschtert iwwert déi geplangten Ännerungen.

Déi wäerte just ganz wéineg positiven Impakt op d’Evolutioun vun de Loyeren hunn. Esou heescht et an engem gemeinsamen Avis vun der Chambre de commerce an der Chambre des métiers, iwwert dat geplangte Loyersgesetz vum zoustännege Minister Henri Kox.

D’Géigewier wiisst deemno weider.

Andeems en Ensemble vun negative Signaler un d’Investisseure géif geschéckt ginn, hätt dat op d’Dauer e groussen Impakt op de Locatiounsmarché, wat iergendwann d’Präisser géif an d’Luucht drécken. Genee de Contraire wier also erreecht vun deem wat een u sech wëlles hätt, ass am Avis vun e Méindeg ze liesen.

E generelle Réckgang vun der Aktivitéit wier och net auszeschléissen, wat zu engem Verloscht vun Aarbechtsplaze kéint féieren.

D’Handels- an Handwierker-Kummere sinn der Meenung, dass am aktuelle wirtschaftleche Kontext, virun allem wann een déi héich Zënse géif consideréieren, d’Attraktivitéit an den Invest vum Locatiounsmarché muss erhale bleiwen.

Link: Schreiwes vun der Chambre de commerce an der Chambre des métiers

Back to Top
CIM LOGO