RIPD'Gemeng Habscht trauert ëm de Schäffe Manou Decker

RTL Lëtzebuerg
Den CSV-Politiker ass ewell viru 5 Deeg am Alter vu 34 Joer zu Ettelbréck am Spidol verscheet.

De Manou Decker war zanter 2018 Schäffen an der Gemeng Habscht. Hi war 2017 deen Éischtgewielten an der Sektioun Simmer.

© SNJ

Wien op den 3. Schäffeposten noréckelt, ass nach net gewosst.

Wéi et vun der Gemeng Habscht heescht, hätt ee mam Manou Decker en engagéierte Frënd verluer, dee sech ëmmer fir d’Wuel vu senger Gemeng agesat hätt an ëmmer en oppent Ouer fir d’Habschter Leit hat.

Och den SNJ trauert ëm säi Mataarbechter Manou Decker, deem déi Jonk ëmmer ganz vill um Häerz geleeën hätten.

Back to Top
CIM LOGO