
D’Gemengegewerkschaft FGFC beschwéiert sech iwwer eng Privatiséierung am kommunalen Déngscht, déi kéim schläichend an duerch d‘Hannerdier. No baussen an um Pabeier bléif zwar alles an ëffentlecher Hand, a grouss Reforme géifen et keng ginn. Mat mat villen Eenzel-Decisioune géif versicht ginn, d’Fundament vum Service Public un d’Wackelen ze bréngen.
D‘Gemenge kréiche méi Aufgaben, ma déi géingen net ëmmer assuméiert ginn. Zerwisser déi extern also privat ausgelagert géifen et der ëmmer méi ginn, seet den FGFC-President Claude Reuter. Hien nennt d‘Beispiller Energie, Transport oder Maison Relaisen.
“Mir gesinn ëmmer méi, dass e ganze Pak Haiser privatiséiert ginn. An dat heescht, mir hunn net méi dee selwechte Standard op deenen eenzele Gemengen, wou mir der Meenung sinn, dass eng ëffentlech Hand, wéi och eis Schoulen, versiche muss iwwerall de selwechte Standard ze kréien, an net wann eng Gemeng méi oder manner Suen huet, dass mer eng aner Educatioun eise Kanner kënne bidden.”
D’Gewerkschaft mécht sech Suergen ëm d’Qualitéit, d’Kontroll an d’Zouverlässegkeet.
Dem Syndikat en Där am Aen si besonnesch déi sougenannt Posten, déi als “salarié à tâche intellectuelle” ausgeschriwwe ginn, zum Beispill am sozio-edukative Beräich. Dat géing zu groussen Ongläichheete féieren, an den Eenheetsstatut géing dës Astellunge carrement verbidden.
“Et ass esou, dass mer hei Leit einfach astellen no engem Sammelsurium vu Konditiounen, déi net méi déi selwecht, Remuneratioun fir déi selwecht Aarbechtsplaz gewären. Mir schwätzen hei vu Pensiounsproblemer. Ma well mer déi doten do alleguer privatrechtlech astellen, feelen natierlech och déi.”
Virun allem géingen hei sur mesure Konditioune geschafe ginn an d’Grille vum ëffentlechen Déngscht ëmgaange ginn. D’FGFC ass der Meenung, datt do Gesetzer gebrach ginn. De Statut misst onbedéngt agehale ginn. Am Moment géinge juristesch Iwwerpréiwunge gemaach ginn.
Déi definitiv Zuelen, déi dës Evolutioune beleeën, wëll d’FGFC d’nächst Joer noreechen.