Vill geschitt zanterhierCFL Cargo feiert hiren 20. Gebuertsdag

Fanny Kinsch
Pierre Jans
Mam Slogan "20 Years of Ecologistics", also 20 Joer ekologesch Logistik feiert d'CFL Cargo hiren 20. Gebuertsdag.
CFL Cargo feiert hiren 20. Gebuertsdag
Mam Slogan "20 Years of Ecologistics", also 20 Joer ekologesch Logistik feiert d'CFL Cargo hiren 20. Gebuertsdag.

20 Joer, déi net ganz einfach ugefaangen hunn, wéi den Direkter vun de CFL Marc Wengler bei de Feierlechkeeten d'lescht Woch ënnerstrach huet. Virun 20 Joer ass de Gidderverkéier op der Schinn an Europa liberaliséiert ginn. De CFL-Generaldirekter Marc Wengler erënnert sech zréck un d'Situatioun, an där een deemools war.

"Mir haten zu Lëtzebuerg fir eis Aktivitéit am Fret eng grouss defizitär Situatioun. Do schwätze mer vun iwwer 30 Milliounen Euro Perten, déi mer pro Joer haten deemools. An deemools hate mer och e relativ aalt Aarbechtsinstrument. Et war relativ vétuste. Mir hu mat ale Lokomotive geschafft zum Beispill."

D'Tripartite, d'Partnerschaft mat ArcelorMittal, d'Restrukturatioun - de Marc Wengler seet haut, dat wier deemools exemplaresch ofgelaf. Zanterdeem hätt d'CFL Cargo sech diversifizéiert, Betriber am Ausland opgemaach a géing mat Schwësterfirme wéi CFL Multimodal zesummeschaffen.

"Mëttlerweil sinn dat iwwer 1.500 Leit. De Gesamtperimeter, dat sinn iwwer 500 Milliounen Ëmsaz pro Joer. An do kënne mer mëttlerweil eng ganz Ketten, eng héichwäerteg Kette vu Servicer an der ganzer Logistikketten, kënne mer do ubidden."

D'CFL Cargo wier e klenge Betrib a géing dofir op Nische setzen, wou ee Clientë personaliséiert Léisunge kéint ubidden, esou de Marc Wengler. Och fir den Ëmweltschutz wier de Giddertransport op der Schinn déi besser Léisung.

"Wéi Der wësst, ass de Schinnentransport sechs Mol manner Energie gëtt do benotzt, wéi op der Strooss, an néng Mol manner CO2-Ausstouss, wéi op der Strooss. Dat ass considerabel. A wann dann e groussen Trafic, wéi zum Beispill hei tësche Beetebuerg a Perpignan iwwer 1.000 Kilometer mat der Schinn gemaach gëtt, dann huet dat e ganz positiven Effet op d'Ëmwelt."

Et géingen allerdéngs och haut nach vill Erausfuerderunge ginn. De Marc Wengler schwätzt vun enger Distortioun vun der Konkurrenz.

"Op der Schinn musst Der iwwerall Payage bezuelen, zum Beispill. Mir hunn awer och op der Schinn, ass net esou flexibel, et sinn nach ëmmer Theemen, och vu Pünktlechkeet, well vill Bauaarbechten do sinn, wann Der duerch Däitschland wëllt fueren, dat ass net einfach hautdesdaags. Wa mer och an den Nopeschreseau kucken, ganz vill Eisebunnen am Gütertransport sinn de Moment an enger Restrukturatiounsphas."

Cliente wéilte gäre Qualitéit an nohalteg Servicer, mee si wieren net onbedéngt bereet, méi dofir ze bezuelen, seet den CFL-Generaldirekter Marc Wengler nach.

"Mir mussen dofir suergen, dass d'Qualitéit do ass. Vläicht muss awer och an Europa oder Europapolitik dofir suergen, dass déi Distortioun vun der Konkurrenz, haaptsächlech vun der Strooss, och méi equilibréiert ass."

Back to Top
CIM LOGO