
Eng CNS mat ronn 915.000 potentielle Clienten, déi zejoert fir d’éischt mat séieren elektronesche Remboursementer tëscht Patienten, Dokteren an der Kees ugefaangen huet.
D’Interoperabilitéit géif awer nach ëmmer e Probleem bleiwen, sou d’Responsabel vun der CNS. Domat gemengt, ass den elektronesche Wee, deen néideg ass, fir datt den Dokter respektiv de Patient seng Rechnunge rembourséiert kritt. D’nächst Joer wëll ee bei der CNS awer prett sinn, fir de komplett digitale Remboursements-Wee wëllen ze goen.
D’CNS rembourséiert elo ewell um séiere Wee a senge 16 Agencen Doktesch-Rechnunge via Schecken: dat ware lescht Joer ronn 116.000 Schecken, déi erausgaange sinn.
D’Moyenne vun esou engem Scheck läit bei 316 Euro. Nom Pandemie-Joer ass iwwerdeems lescht Joer d’Zuel vu Krankschreiwungs-Zertifikater ëm ronn 10.000 Stéck op global 801.000 zeréck gaangen.
E Mëttwoch kënnt iwwerdeems d’Hierscht-Quadripartite zu Munneref beieneen: do ginn d’Finanze vun de Krankekeesen ënnert d’Lupp geholl an déi finanziell Previsiounen analyséiert. En anere Punkt, deen an der Quadripartite zur Debatt steet, ass eng besser prise en charge vun Zänndoktesch-Interventiounen.