FelseaD'Gestionnairë vun de private Crèchë schloen Alarm

Claudia Kollwelter
Si wëlle Gehéier beim Educatiounsminister Claude Meisch fannen.

An engem Communiqué beklot sech d'Felsea, den Daachverband vun de Privatcrèchen, datt si zwar aktuell hir Dieren op hätten, mee an de mannste Fäll komplett besat sinn.

D'Strukture géifen net genuch an op ongerecht Manéier vum Staat ënnerstëtzt ginn.

Et wéilt ee consideréiert ginn, wéi all di aner Secteuren a mat um Dësch sëtzen, wann negociéiert gëtt, amplaz Decisiounen, déi a leschter Minutt geholl ginn, mussen ze erdroen. Et hätt een den zoustännege Minister schonn e puer mol ugeschriwwen, allerdéngs bis ewell ouni Äntwert.

Si wieren den eenzege Secteur deen net vum Chômage partiel kéint profitéieren, dofir ass et den Appell un d'Regierung, fir zesummen no Optiounen ze sichen fir d'Strukturen, d'Employéeën an och den Accueil vun de Kanner ze garantéieren.

PDF Schreiwes Felsea

Back to Top
CIM LOGO