
Et gëtt jo aktuell enk mat de Bluttreserven am Land. D'Reserv géif just nach fir ronn eng Woch duergoen, fir d'Spideeler am Land ze versuergen, hat d'Rout Kräiz Ufanks der Woch wësse gedoen. D'Croix Rouge hat dofir un all potentielle Bluttspender appelléiert, sech ze mobiliséieren.
D'Grande-Duchesse Stéphanie ass mam gudde Beispill virgaangen. Si huet selwer am Transfusiounszenter Blutt gespent.