D'Rout Kräiz brauch BluttspenderOp ville Plazen am Land kann e Blutt spenden

Christophe Hochard
Blutt a Plasma gi reegelméisseg a vill gebraucht. Pro Don ginn engem 475 Milliliter Blutt ofgeholl. Nei Spender gi gesicht.
© Christophe Hochard

80 bis 100 Spender den Dag brauch d'Rout Kräiz, fir eng anstänneg Bluttreserve ze hunn. "Den Ament sinn eis Stocken okay", sou d'Andrée Heinricy, Doktesch beim Service Blutttransfusioun vun der Croix Rouge."Wann d'Leit an de nächste Wochen net bei eis laanschtkomme fir ze spenden, da kéint d'Situatioun kritesch ginn". Kloer Wieder vun der Dokter Heinricy.

De Gros vun de Bluttspender kënnt an d'Stad Lëtzebuerg. Et gëtt awer och d'Méiglechkeet, op anere Plaze vum Land beim Roude Kräiz säi Blutt ze spenden. "D'Leit hunn de Choix. Hei an der Stad si mir all Dag op. Vu méindes bis freides. Zweemol d'Woch kann een awer och an der Maison Médical laanscht kommen. All Dag fiert awer och eng Ekipp iwwer Land, wou mir da vun Ettelbréck, Wolz, Klierf, Iechternach, Gréiwemaacher bis Kolpech op verschiddene Plaze sinn. Do kënnen d'Leit dann och spenden".

De Kalenner vun dëse Kollekte fënnt een um Site vum Roude Kräiz ënner croix-rouge.lu op der éischter Säit ënner "Blutspenden". Online kann een och direkt e Rendez-vous festleeën.

Jidderee kann am Prinzip Blutt spenden, dee virop gesond ass. Et muss ee wéinstens 18 Joer a 50 Kilo schwéier sinn. Bis 65 Joer däerf ee Blutt spenden.

Mécht een als Bluttspender Vakanz an tropesche Regiounen, muss ee 6 Méint pauséieren. "Et ass awer esou, dass an de leschte Joren ëmmer méi dacks och tropesch Krankheeten am Süde vun Europa opgedaucht sinn. Déi ginn iwwer Mustiken iwwerdroen. Do si mir forcéiert, Leit, déi dann an deene Regioune vun de Länner Vakanz maachen, fir ee Mount auszesetzen." Dat kann en Impakt op d'Bluttreserve beim Roude Kräiz hunn.

D'Rout Kräiz brauch Bluttspender
Jidderee ka Blutt spenden dee virop gesond ass. Et muss ee wéinstens 18 Joer a 50 Kilo schwéier sinn. Bis 65 Joer däerf ee Blutt spenden.

Tëscht 5 an 10 Minutten dauert eng Vollbluttspent. "Wann een déi éischte Kéier kënnt, soll een awer eng gutt Stonn rechnen, fir no der Spent och nach kënnen e bëssi ze raschten. Sécher ze sinn, dass duerno alles an der Réi ass. Mat enger Stonn Zäit kann ee sécherlech vill hëllefen."

Wärend d'Dammen all véier Méint kenne Blutt spende kommen, däerfen d'Hären dëst all dräi Méint maachen. "D'Hären hu méi Blutt, ewéi Dammen. Dëst ass d'Erklärung, firwat d'Männer eemol méi däerfen en Don maachen."

Pro Don gi 475 Milliliter ofgeholl. "Dat ass standardiséiert. Dat ass wat een och ganz gutt verdréit, wann ee spent." D'Altersmoyenne vun de Bluttspender hei zu Lëtzebuerg läit bei 42 Joer. "Et kommen duerchaus och vill jonk Leit. De Gros sinn awer am mëttleren Alter", esou nach d'Dokter Andrée Heinricy.

D'Rout Kräiz brauch Bluttspender
Wärend d'Dammen all 4 Méint kenne Blutt spende kommen, däerfen d'Hären dëst all 3 Méint maachen.


Back to Top
CIM LOGO