Chambre des MétiersD'Handwierk huet sech generell gutt vun der Covid-Kris erholl

Diana Hoffmann
Bei der Unzuel vun de Betriber gëtt et e Plus vu 5 Prozent, bei de Salariéeë vu 4 Prozent.
Handwierk huet sech generell gutt vun der Covid-Kris erholl
Bei der Unzuel vun de Betriber gëtt et e Plus vu 5 Prozent, bei de Salariéeë vu 4 Prozent.

D’Handwierk huet sech generell gutt vun der Covid-Kris erholl. Dat ass de Constat, deen d’Chambre des Métiers en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz gezunn huet, wou de Bilan vun zejoert presentéiert ginn ass. Bei der Unzuel vun de Betriber gëtt et op ee Joer gekuckt e plus vu 5 Prozent, bei de Salariéeë vu 4 Prozent.

Chambre des Métiers / Rep. Diana Hoffmann

Den Handwierkssecteur weist trotz der Covid-Kris weiderhin eng grouss Resilienz, sécherlech awer och duerch d’Aidë vun der Regierung, ënnersträicht den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles.

“Trotz dëser positiver Entwécklung misst awer och tëscht de Branchen ënnerscheet ginn. D’Constructioun verzeechent nämlech staark Haussen, Betriber aus de Beräicher soins à la personne an Traiteure sinn dogéint awer nach ëmmer vun de Repercussioune vun der Corona-Kris betraff.”

D’Konstruktioun konnt wärend der Relance vun enger staarker Hausse profitéieren. 103 nei Entreprisë goufe gegrënnt. De Carnet de Commande ass fir bal 8 Méint gefëllt.

Dee gréisste Réckgang a puncto Salariéë gouf et am Secteur vun der Alimentatioun, mat engem Minus vun 355 Leit. Déi finanziell Reserve vu ville Betriber wieren elo zu engem gudden Deel opgebraucht, seet de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, den Tom Wirion. Elo kënnt nach eng grouss Inconnue dobäi: De Krich an der Ukrain.

“D’Betriber si scho fragiliséiert duerch d’Pandemie an eng grouss Inflatioun. Eng dräifach Hausse vun de Präisser hätt natierlech e groussen Impakt op d’Betriber”, seet den Tom Wirion. “Den Energiepräis an d’Matières premièren, souwéi och d’Personalkäschte ginn an d’Luucht.”

Duerch d’Indextranche ginn d’Personalkäschten erop. Ma doriwwer eraus huet een am Secteur och eng Penurie u Main d’oeuvre, wat och Drock op d’Salairë mécht. Duerch de Krich wieren d’Betriber tëscht Hummer an Amboss geroden, seet den Tom Wirion. Si hätte méi kleng Margen, géingen doduerch manner investéieren, wat och en Effet op hir Wettbewerbsfäegkeet hätt.

An eng energetesch Transitioun wollten d’Handwierker, wéi et schéngt, bis elo nach net sou Recht investéieren. Dëst huet eng Enquête erginn, déi vum Gilles Reding, Directeur Conseil et Service an der Chambre des Métiers presentéiert gouf:

“D’Enquête huet erginn, datt eréischt 1/3 vun de Betriber an d’Efficacité énergétique investéiert hunn, 2/3 deemno nach net.”

D’Etüd wier awer virum Krich an der Ukrain am September zejoert gemaach ginn. De Gilles Reding mengt dofir, datt d’Resultat elo wuel mat Sécherheet géing anescht ausgesinn, nodeems d’Energiekäschten explodéiert wieren.

PDF: Schreiwes vun der Chambre des Mëtiers

Back to Top
CIM LOGO