
Et géif gëllen, e bëssen op d'Zänn ze bäissen, 3 Wochen duerchzehalen a sech doduerch eng Perspektiv ze gi fir d'Deeg um Enn vum Joer, déi eis sou um Häerz leien. Dat sot de Mars Di Bartolomeo en Dënschdeg am fréien Owend, nodeems d'Chamberkommissioun vun der Santé mat de Stëmme vun der Majoritéit de Rapport zum neie COVID-Gesetz ugeholl huet. Am Nomëtten dierft dat am Stater Cercel guttgeheescht ginn, soudass d'Mesuren, déi bis de 15. Dezember gëllen, en Donneschdeg a Kraaft triede géifen.
„D'Infektiounszuele bleiwen ze héich an d'Doudesfäll sinn dramatesch; dofir sollt jidderee kucken, wat en dozou bäidroe kann, fir de Virus an de Grëff ze kréien oder lass ze ginn!“, huet den LSAP-Kommissiounspresident no der Sëtzung gemengt. Dat neit Gesetz wär sécher net perfekt, et wär ee sech awer driwwer eens, dass de Gros vun de Moossnamen néideg ass, fir de Gesondheetssystem net z'iwwerfuerderen an d'Gesondheet vum Eenzelnen an de Mëttelpunkt ze stellen:
„Wann een déi Affer, déi mer elo bréngen an déi mer schonn iwwer Méint bréngen, an de Verglach setzt mat deem, ëm wat dass et geet, iwwerfuerderen déi eenzel Moossnamen, och wa se am Detail kritikabel sinn, eis net, och wa se haart sinn! An ech fannen, dass déi Feststellung, dass mer elo mussen op d'Zänn bäissen, fir méiglechst fréi souvill wéi méiglech Normalitéit erëmzekréien, eng ganz Rei vun Argumenter, déi dogéint virbruecht ginn, awer, wann net entkräften, dann awer ganz staark relativéieren!“
Dat Ganzt wär eng Affär vu Choixen, wou et déi exakt Wëssenschaft net géif ginn, woubäi een en Dënschdeg awer ënner anerem Informatioune vun der Santé kritt hätt, dass sech de Virus a Caféen oder Restaurante méi iwwerdroe géif. Et géif wuel Divergenzen an der Appreciatioun vun de Mesurë ginn, net awer beim Haaptmessage:
„Mir mussen d'Efforten zesumme maachen, jiddereen op seng Aart a Weis! A jidderee muss sech d'Fro stellen: Wat kann ech dozou bäidroen, fir déi Sauerei do Meeschter ze ginn? Da ginn effektiv déi Ausenanersetzunge ganz staark relativéiert!“
D'Attacke vum Virus wären och inkoherent, an et wär schwéier, déi Moossnam ze fannen, sou de Mars Di Bartolomeo, fir dee virum Hannergrond vun den Infektiounszuelen an den Zuele vun den Doudesaffer verschidden Argumenter ze relativéiere wären.
„Mir sinn net géint de Prinzip vu Moossnamen, mä déi heite sinn inkoherent an net komplett!“, war d'Äntwert vum Claude Wiseler dorop. D'CSV wär der Meenung, dass misst reagéiert ginn an zousätzlech Mesurë misste kommen, virum Hannergrond vun den Infektiounszuelen. Dës Reaktioun vun der Regierung kéim awer ze spéit. Seng Fraktioun géif den Text, wéi ugekënnegt, net matstëmmen. Ënner anerem huet den Deputéierten op d'Inkoherenz verwisen, wat d'Limitatioun vu 4 op 2 vun der Zuel vu Leit ugeet, déi ee bei sech heem invitéiere kann:
„Well dat hei heescht zum Beispill, dass Grousseltere kënne bei hir Kanner an Enkelkanner heemgoen, wa se zu zwee sinn, mä, au contraire, dass dann déi Famill, Kanner an Enkelkanner, net ka bei d'Grousselteren heem kommen! Wat a méngen Aen, an eisen Aen, net ganz vill Sënn mécht an net ganz vill Koherenz huet. En aneren Deel, deen eis inkoherent zum Beispill schéngt, dat ass: D'Restauratioun ass zou. Dat ass logesch! D'Kantinnen an de Schoule sinn awer op, dat ass eis och nach logesch! Par contre, d'Kantinnen an den Entreprisë ginn dann awer zougemaach! Op där enger Säit ginn d'Leit schaffen, mussen normal schaffe goen, fannen ech richteg, mä et gëtt hinnen awer da gesot, an der Mëttesstonn kritt Der awer net méi d'Iessen!“
Do missten aner Léisunge fonnt ginn. Net komplett wär den Text iwwerdeems ënner anerem, wat den ëffentlechen a virun allem de Schoultransport ugeet. Donieft hätt d'Regierung iwwerall d'selwecht solle reagéieren an net just bei deenen engen an net bei deenen aneren. De Claude Wiseler bedauert zanter dem Ufank vun der Kris, dass zwar vun Union nationale geschwat, net awer mat der Oppositioun geschwat gëtt, wann et heescht, Decisiounen ze huelen.
„Mir ginn iwwert d'Decisiounen informéiert, mä vill driwwer mat diskutéiere kënne mer net! Dat ass e Recht, wat de Staatsminister an d'Regierung huet, mä ech fannen, dass an enger Krisesituatioun et sënnvoll wär, et anescht unzepaken!“
An zwar, andeems een aner Parteie mat u Bord huelen a probéiere géif, fir eng aner Politik ze maachen. Dat wär an dësem Fall verpasst ginn, sot den CSV-Deputéierten.