ImpfflichtDierf en Employeur verlaangen, datt ee sech impfe léisst?

Diana Hoffmann
Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Gesetz, wat eng Impfflicht virgesäit. Employeuren dierfen dowéinst juristesch gesi weder d’Impfung nach e PCR-Test imposéieren.
Dierf en Employeur verlaangen datt ee sech impfe léisst?
Zu Lëtzebuerg gëtt et kee Gesetz, wat eng Impfflicht virgesäit. Employeuren dierfen dowéinst juristesch gesi weder d’Impfung nach e PCR-Test imposéieren.

A Frankräich däerfe verschidden Employeuren hir Salariée froen, ob si geimpft sinn. Dat well d’Gesetz dat ausdrécklech fir Beruffer am Gesondheetssecteur virgesäit. Wien deem net nokënnt oder sech net impfe léisst, dee ka gezwonge ginn, doheem ze bleiwen an dann och de Salaire refuséiert kréien.

Impfflicht op der Aarbecht / Reportage Danielle Goergen

Zu Lëtzebuerg ass d’Situatioun awer eng aner, seet den Affekot Guy Castegnaro. Hei am Land däerf kee Patron verlaangen, dass d’Leit sech impfe loossen, well mir ebe kee Gesetz hunn, wat eng Impfflicht virgesäit.

Einfach ausgedréckt: Et muss ëmmer alles op fräiwëlleger Basis sinn. Sanktioune géint Mataarbechter, déi net geimpft sinn, dat ass Diskriminatioun. E Patron dierf och bei neie Kandidaten net verlaangen, datt si en Impfzertifikat weisen, well all déi Informatioune falen ënnert den Daten- a Perséinlechkeetsschutz. Aus deem selwechte Grond kann den Employeur och keen zwéngen, e CovidCheck ze maachen. "Ob ee lo geimpft ass – géint de Corona oder géint aner Krankheeten - dat ass keng Konditioun fir d’Aptitude au travail", erkläert de Guy Castegnaro. Hien ass Affekot am Aarbechtsrecht. "Dat gëtt och net vum Aarbechtsdokter gekuckt fir ze gesinn, ob en apte oder inapte ass fir ze schaffen."

De Patron huet natierlech trotzdeem d’Obligatioun, de Mataarbechter an de Clienten hir Gesondheet ze garantéieren. Dofir musse gewësse Mesuren en Place gesat ginn, déi d'Infektiounsgefor reduzéieren. Den Ament géingen d'Entreprisë sech awer wënschen, besser ze wësse wou et higeet, seet den Direkter vun der Union des Entreprises, de Jean-Paul Olinger. D’Situatioun wier mat 70 Prozent vu geimpfte Leit elo eng aner an d’Mesurë missten ugepasst ginn.

Am Santé-Secteur wier d‘Situatioun dofir nach eng ganz aner. Eng allgemeng Impfflicht géif kee Sënn maachen, esou de Jean-Luc De Matteis vum OGBL. "Mir ginn éischter op de Wee fir ze soen, komm mir schwätze mat de Leit, komm mir informéiere se a komm mir iwwerzeege se. Well mir gesi wat an anere Länner geschitt. Do kann eng Géigereaktioun komme vun de Leit, déi sech da gezwonge fillen an dat ass vläicht net dee richtege Wee. Mir solle se informéieren, sensibiliséieren a mobiliséieren, fir datt se sech kënnen impfen."

Den Teletravail geet jo just nach bis Enn dës Mounts, dofir misst een elo kucken, ob een d’Mesuren upasst oder wéi an anere Länner esouguer ganz ofschaaft. "E CovidCheck light oder iergendeppes Fräiwëlleges géif sécherlech hëllefen", mengt den Direkter vun der Union des Entreprises, Jean-Paul Olinger, "fir sech ze situéieren, wou een am Betrib steet. Wéi vill si geimpft, wéi vill net? Fir kënne vläicht, och wat d’Mesures sanitaire ugeet, Ënnerscheeder ze maachen, datt déi, déi geimpft sinn vläicht kee Mask méi mussen undoen – kënnen undoen, mussen awer net - an déi Leit, déi eben net geimpft sinn, kënnen anescht ze behandelen. Eben fir där Saach an den nächste Méint kënne Rechnung ze droen."

D'Union des Entreprises géif den Ament zesumme mam Ministère vun der Santé e Questionnaire fir d’Betriber an d’Salariéen ausschaffen, fir eben ze kucken, firwat verschidde Leit sech net impfe loossen a méi spéit och eventuell eng Campagne ze lancéieren.

Back to Top
CIM LOGO