Direkte Paiement vun der CNSDigitalisatioun an de Cabinete schleeft

RTL Lëtzebuerg
Just 100 Doktere si bis ewell mam digitale System ekipéiert, 40 schaffen domadder. D’CNS ass enttäuscht, d’AMMD gëtt der Gesondheetskeess d’Schold.
CNS ass enttäuscht: Digitalisatioun an de Cabinete schleeft
Just 100 Doktere si bis ewell mam digitale System ekipéiert, 40 schaffen domadder. AMMD gëtt der Gesondheetskeess d’Schold.

Vu Mëtt 2023 un soll d’Gesondheetskeess Dokteschrechnungen direkt iwwerhuelen. De Patient bezilt da just nach säin Deel vun der Rechnung. Viraussetzung ass awer, datt méiglechst vill Dokteren déi néideg digital Ekipementer hunn.

Fir dohinner ze kommen, gouf zejoert d’Gesondheetsapp vun der Doktesch an Zänndoktesch Associatioun AMMD, grad ewéi d’CNS App lancéiert. Iwwer béid kann een elo schonn e séiere Remboursement kréien. Just, datt de System just vu 40 Dokteren am Land aktiv genotzt gëtt.

Bei der Gesondheetskeess ass een enttäuscht iwwer déi niddreg Participatioun. D’AMMD wär vu 700 Dokteren ausgaangen, déi mam System schaffe géifen, erkläert de Christian Oberlé, President vun der CNS.

Christian Oberlé: “Mir hunn dat ënnerstëtzt an deem mer soten, datt mir d’Dokteren indemniséieren, dass dat finanziell neutral ass fir d’Dokteren. Dass dat net funktionéiert huet, do ware mer selwer e bëssen iwwerrascht, muss ech soen. “

CNS soll global Solutioun blockéieren

D’Doktesch an Zänndoktesch Associatioun AMMD seet iwwerdeems, si wier vun der CNS blockéiert ginn. Virgesi wär net just de séiere Remboursement, mee eng global Solutioun fir de Patient. Mat elektroneschem Krankeschäin, engem elektroneschen Detail vum Remboursement vun der CNS, déi iwwer d’Gesondheetsapp un d’Zousaz-Krankeversécherung kéint weidergeleet ginn. Awer och Devise vun Zänndokteren sollt een iwwer d’App kréien a geréiere kënnen. Eng Plus-Value, en Incitant fir d’Dokteren a Patienten mat der digitaler Solutioun ze schaffen.

Alles net machbar, well d’CNS dës Dokumenter net iwwer eng elektronesch Ënnerschrëft validéiere loosse wéilt. De Schued wier grouss. Fir DHN, d’Firma iwwer déi d’AMMD de System entwéckelt huet – hei stinn iwwer 3 Milliounen Euro Scholden am Buch. An och d’Wirtschaft géif dru verléieren, betount de Claude Have vun DHN. Schonn eleng wéinst der mi effizienter Gestioun vun de Krankeschäiner kéint een an de Betriber Zäit gewannen. An och bei der CNS, wou haut 120 Leit just domadder beschäftegt wiere Saisie ze maachen op de Krankeschäiner oder den Dokteschrechnungen.

Aféierung vum direkte Paiement net kompromettéiert

D’CNS blockéiert net, verséchert hire President. Ma et géif an Etappe geschafft ginn. Trotz der Retizenz vun der Dokterschaft fir den digitale System ze installéieren, päilt d’Gesondheetskeess d’Aféierung vum Direkte Paiement un d’Doktere fir Mëtt 2023 un.

D’CNS wëll och weiderhi mat DHN zesummeschaffen. Awer och mat Epione, engem neien Acteur, deen an den nächste Méint säi System bei den Dokteren installéiere wëll. Rieds geet vun 1.000 Dokteren, déi di nei Firma erreeche kéint. Mat enger mi grousser Offer erhofft d’CNS sech méi e grousse Succès.

D’AMMD huet och nach ëmmer Hoffnung, datt hire Projet opgeet a rifft dofir de Xavier Bettel op, sech anzeschalten. Ëmmerhin hätt de Premier sech an der Ried zur Lag vun der Natioun zejoert fir eng digital Solutioun mat der AMMD ausgeschwat. Vue datt ee mat den zoustännege Ministèren net viru kéim, sollt de Premier sech aschalten. De Xavier Bettel wier jo och Digitalisatiounsminister.

Back to Top
CIM LOGO